
Um Stater Geriicht gouf sech e Freideg de Mëtte mat engem Accident mat déidleche Suitë befaasst. E Mann vun haut 81 Joer krut de Prozess gemaach, well hien am November 2016 um Zebrasträif bei der Kontrollstatioun zu Sandweiler eng Fra vun 72 Joer ugestouss hat. Déi war sou uerg blesséiert ginn, dass si 3 Deeg drop gestuerwe war. Der Autopsie no war hiren Doud op d’Accident zréckzeféieren.
Deemools hat et ugefaangen däischter ze ginn, et hat gereent an et war vill lass, wéinst Busarrêten a Butticker do. „Wann et net gereent hätt, dann hätt ech gebremst kritt!“, sot de Mann e Freideg.
Hie wär vu Sandweiler erfort komm, mat maximal 50km an der Stonn, sou de Mann, deen d'Fra eréischt e Meter virum Zebrasträif gesinn hätt. Hien hätt nach voll gebremst, den Auto wär awer op Grond vun der naasser Strooss gerutscht an d'Fra him an den Auto gelaf. Et géif him fuerchtbar leed doen.
Eng Zeien, déi an déi aner Richtung gefuer war, hat d'Fra beim Zebrasträif eriwwer gelooss, den Auto vum Ugeklote komme gesinn a sech geduecht, Zitat: „Deen huet awer nach Tempo drop!“ D'Fra hätt nach ugefaange mat lafen, well si wuel gemierkt hätt, dass et enk géif ginn. Eng weider Zeien, déi hannert dem Beschëllegten ënnerwee war, huet erkläert, si hätt d'Fra net kommen, ma se duerch d'Luucht fléie gesinn. Béid Fraen hu betount, dass dono rout Luuchten dohi koumen, well et schonn dat zweet déidlecht Accident op där Plaz war. Engem Polizist no war den Auto vum Mann vir e bësse beschiedegt a wär dat spéidert Doudesaffer donkel ugedoe gewiescht.
Nodeems de Me Krzyszton als Affekot vu 6 Neveuen an Niesse vun der Fra 13.600 € Schuedenersatz fir si gefrot hat, huet de Me Stroesser als Affekot vum Ugeklote vun engem dramatesche Fait geschwat. 2009 wär schonn en déidlecht Accident op därselwechter Plaz geschitt, soudass e Feeler vun der Gemeng Sandweiler virléich, déi eréischt no zwee Doudege reagéiert a rout Luuchten op där Plaz installéiert hätt. Well säi Client d'Fra net hätt kënne gesinn, sollt de Mann fräigesprach ginn. Déi Vue huet de Vertrieder vum Parquet net gedeelt, mä e Feeler aus Manktem u Virsiicht ausgemaach. Dofir sollten eng Prisongsstrof vun 3 Méint mat Sursis, e Fuerverbuet vun 30 Méint, mat eventuellem Sursis, an eng ugemoosse Geldstrof gesprach ginn.
D'Uerteel ass fir den 28. Juni.