
An dëser Period goufe 6 Frae vun hirem Partner ëmbruecht. Absënns vill Police-Interventiounen goufen et tëscht 2019 an 2020, wat zum Deel duerch d’Lockdown-Mesuren z’erklären ass, déi d’Konfliktpotential am Stot méiglecherweis erhéicht hunn. D’Expulsioune blouwe stabel mat enger Moyenne vun 255 Stéck iwwer d’lescht Jore gekuckt.
Dem Rapport vum zoustännege Comité no ginn all Joer an der Moyenne eng 150 Jugementer am Kader vu Gewalt an engem Stot geschwat.
Schonn haut ass et méiglech, datt den Asaz vun enger Foussfessel am Kader vum juristesche Contrôle vun der Weeweisung vun de concernéierte Fraen a Männer méiglech ass. Am Koalitiounsaccord ass virgesinn, de legalen an technesche Kader vun dësen elektronesche Braceleten z’analyséieren an z’adaptéieren.
Dës Informatiounen liwwert d’Justizministesch Elisabeth Margue op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun hirer Parteikolleegin Nancy Kemp-Arendt.