No Klima-ManiffFalsch Foto vun der Kinnekswiss zirkuléiert op de sozialen Netzwierker

RTL Lëtzebuerg
Youth for Climate Lëtzebuerg huet um Sonndeg reagéiert a richteg Fotoe vun der Kinnekswiss publizéiert.
© Screenshot Twitter

Eng Foto vun engem Park mat vill Dreck op der Wiss gouf fälschlecherweis benotzt, fir den Zoustand vun der Kinnekswiss no der "Fridays for Future"-Maniff e Freideg ze weisen.

Beim Park op der Foto handelt et sech awer net ëm d'Kinnekswiss an der Stad, ma ëm den Hyde Park zu London. Am Abrëll hate Visiteure vun engem Festival de ganze Knascht hannerlooss.

De Post op Facebook gouf bannent e puer Stonnen iwwer 400 Mol gedeelt an huet fir béis Reaktioune bei de Leit gesuergt.

Youth for Climate Lëtzebuerg huet e Sonndeg am Nomëtteg reagéiert a kloer gestallt, datt d'Kinnekswiss e Freideg no der Demo net esou ausgesinn huet.

Weider Detailer fannt Dir bei de Kollege vum RTL Today.

Back to Top
CIM LOGO