
Eng onbekannte Persoun hat probéiert an e Gebai eranzekommen, andeems si sech als Mataarbechter vum Service besoins spécifiques pour seniors vun der Gemeng Esch ausginn huet.
D'Gemeng Esch präziséiert, dass kee vun hire Beamte mat esou enger Missioun beoptraagt gouf an esou Visitte just op Rendez-vous gemaach ginn. Et ass och den Appell, dass Jidderee sech zu all Moment kann als Gemengenaarbechter ausweisen.