Keng perséinlech Donnéeën erausginnFalsch Mailen am Numm vun der CMCM am Ëmlaf

Samantha Weber
RTL huet eng nei Arnaque am Numm vun der CMCM gemellt kritt. An engem Mail gëtt no perséinlechen Donnéeë gefrot, dëst ginn awer just iwwer hir offiziell App oder per Bréif.
Dëst ass eng Arnaque a kee Mail vun der CMCM.
Dëst ass eng Arnaque a kee Mail vun der CMCM.
© Screenshot falschen CMCM-Mail

Den Ament zirkuléiere frauduléis E-Mailen, déi esou ausgesinn, wéi wa se vun der CMCM verschéckt ginn. Dat fir u sensibel Donnéeën ze kommen.

Et ass den Appell, net op d'Linken an der E-Mail ze drécken. D'CMCM géif esou Donnéeën och just iwwer hir offiziell App oder per Bréif ufroen, an net iwwer E-Mail. Offiziell E-Maile wieren dann och ëmmer vun E-Mail-Addressen, déi mat @cmcm.lu ophalen.

Back to Top
CIM LOGO