
Wéi et heescht, hätte béid Männer normal Kleedung un, ma hätten awer och Jacketten a Mutze vun der Police gedroen.
Déi Onéierlech stoungen op de Grenziwwergäng Roth a Wallendorf, hu sech awer mat engem normalen Auto aus dem Stëbs gemaach, wéi eng Persoun nogefrot huet, wéi e Policebüro se kontaktéiere kéint.
Wien eppes kéint gesinn hunn, soll sech bei der Police vun Tréier mellen, dat um 0651-43678-0.