
Den Oflaf ass ëmmer ganz änlech. D’Affer ginn ugeruff an op der anerer Säit vun der Leitung gëtt sech eng Persoun als Polizist, Vertrieder vum Parquet oder eng Persoun aus der Famill aus. E Familljemember wier an en Accident verwéckelt an dat presuméiert Affer vu Bedruch misst eng Kautioun hannerleeën. Just esou kéint de Familljemember erëm fräikommen.
Déi Onéierlech maachen esou Drock op d’Affer, bis datt dës sech bereeterklären, fir Suen a Bijouen ofzeginn. Dës “Kautioun” kommen déi Onéierlech da bei d’Affer heem sichen, respektiv loosse si sech se op eng Plaz bréngen.
D’Police rappelléiert, datt et esou e System vun enger Kautioun virleeën zu Lëtzebuerg net gëtt. Weider géifen d’Beamte vun der Police oder anere Lëtzebuerger Autoritéiten d’Bierger ni iwwer Telefon opfuerderen, fir Suen oder Wäertgéigestänn ofzeginn.
Ee rezente Fall war dem Personal vun enger Bank opgefall, well eng eeler Fra eng gréisser Zomm Boergeld ophiewe wollt. Si hatt dunn erkläert, datt si d’Sue bräicht, fir eng fënnefstelleg Kautioun ze hannerleeën. Dat potentiellt Affer gouf dunn opgekläert, datt et sech ëm e Bedruch handelt an d’Iwwergab gouf verhënnert.
Police relancéiert Campagne: Léif Boma, léiwe Bopa, Loosst iech net beducksen
Es gibt einfache Maßnahmen, um zu verhindern, dass Sie auf einen solchen Betrug hereinfallen:
Wir bitten darüber hinaus darum, vor allem Ihre älteren Mitmenschen in Ihrem Umfeld hinsichtlich dieser Betrugsmasche zu informieren und aufzuklären.