
D’SMSen, déi mir bis ewell weidergeleet kruten, komme vun enger Nummer aus Polen mat der Virwal “0048" respektiv "+48". Am Text gëtt engem matgedeelt, datt ee Sue vum Steieramt géif zeréckkréien an dowéinst misst een op de matgeschéckte Link klicken. Dëse gesäit aus, wéi wann een op guichet.lu kéint kommen, respektiv an eisem Beispill gëtt een op e Site vun “RPLG” geschéckt.
Vill modern Handye gesinn dës SMSe schonn als “Spam” un a ginn engem eng Warnung, wann ee se opmécht. Am Beschten awer et klickt een net op de Link an am Zweiwelsfall ass et besser, d’Autoritéiten, vun deenen ee mengt, datt dëse Message komm ass, ze kontaktéieren, wéi op e Link, deen ee per SMS geschéckt krut, ze klicken.