Aus dem PolicebulletinFalsche Wee duerch Rond-point mat Auto ouni Versécherung

Samantha Weber
D'Police mellt zwee Verstéiss géint de Code de la Route. Een Auto war deemno net verséchert, bei engem aneren hat de Chauffer ze vill Alkohol gedronk.
Um Wandhaff war e Chauffer de falsche Wee duerch de Rond-point gefuer.
© Maxime Gonzales/ RTL Archiv

E Freideg de Moie géint 5 Auer hu Polizisten en Auto an der Rue d'Arlon um Wandhaff ugehalen, deen de falsche Wee duerch de Rond-point gefuer ass. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt den Auto net verséchert war. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto saiséiert.

Zu Angelduerf war da schonn en Donneschdeg géint 21:30 Auer en Accident an der Ettelbrécker Strooss gemellt ginn. Hei war en alkoholiséierte Chauffer engem aneren drop gefuer, éier e geflücht ass. Kuerz drop konnte Beamten den Automobilist an de beschiedegten Auto doheem untreffen. Well de Mann sichtlech alkoholiséiert gewierkt huet, gouf en Alkoholtest gemaach, deen entspriechend positiv war. De Mann huet de Permis missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO