Sécherheetsperimeter opgehuewenFalschen Alarm wéinst verdächtegem Pak um Kierchbierg

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg war d'Police wéinst engem verdächtege Pak beim Gebai vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus am Asaz.
© Domigos Oliveira

Wéinst der Interventioun waren de Circuit de la Foire an d’Rue Carlo Hemmer tëscht der Rue Alphonse Weicker an dem Boulevard Pierre Frieden komplett gespaart ginn. Kuerz no 12h30 huet d’Police dunn géigeniwwer RTL gesot, dass et sech ëm e falschen Alarm gehandelt hätt. De Sécherheetsperimeter gouf deementspriechend opgehuewen.

Back to Top
CIM LOGO