Mir waren nach net wierklech op déi laang Canicule preparéiert a mir musse bei der Klimatisatioun ëmrüsten, sot am RTL-Interview d’Gesondheetsministesch Martine Deprez.
Mä net nëmmen a Spideeler ass den Thermometer a villen Zëmmere ganz héich geklommen, och a villen Altersheemer war d’Hëtzt e grousse Problem. Doriwwer schwätze mer e Mëttwoch de Moie mam Familljeminister Max Hahn.
Muss een och an den Altersheemer norüsten? A wat kann ee fir déi maachen, déi op der Strooss liewen? Bräicht een net och Mesurë géint d’Hëtzt, sou wéi et se géint d’Keelt ginn? Den DP-Minister Max Hahn ass um 8 Auer live eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.