Verschidde Patienten a Familljen hu sech an de leschten Deeg iwwert déi héich Temperaturen an de Klinicke beschwéiert. Op verschiddene Statiounen, ënner anerem de Palliativstatioune, géifen d'Patiente "viru sech hi vegetéieren", esou d'Kritik.
Doktere géifen ëmmer méi Komplikatiounen observéieren: staark Dehydratioun, Iwwelzegkeet a Patienten, déi d'Medikamenter net méi bei sech behalen an op Baxtere mussen ëmgestallt ginn.
Dobäi kënnt: A ville Spidolszëmmeren dierfen d' Fënsteren aus Sécherheetsgrënn just op Kipp opgoen. Grousst Lëfte gëtt a ville Spideeler net autoriséiert.
Fir vill Betraffener stellt sech dowéinst eng zentral Fro: Sinn eis Spideeler wierklech op ëmmer méi extrem Hëtztwelle preparéiert?
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez zitt no der rezenter Canicule zwar en éischte positive Bilan, gëtt awer zou, datt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem strukturell nach net op esou Temperaturen agestallt ass. "Contrairment zum Ausland si mer relativ gutt duerchkomm, och wann et wierklech waarm war", sot d'Ministesch no engem Debrief mat de Spidolsdirektiounen an der Direktioun vun der Santé.
Gläichzäiteg betount si awer: "Preparéiert ware mer eigentlech nach net wierklech à long terme."
Déi lescht Deeg hätten eng Rei Schwaachpunkte gewisen – virun allem bei der Infrastruktur. Vill Gebaier wiere fir d'Keelt am Wanter gebaut ginn, mee net fir déi extrem Summerhëtzt.
An den Urgencë wier et punktuell zu enger héijer Belaaschtung komm. Virun allem eeler Leit mat Dehydratioun oder verschiddene Virerkrankunge wieren an d'Spidol komm.
D'Ministesch lueft dobäi ausdrécklech d'Gesondheetspersonal: "Soubal gemierkt ginn ass, datt et voll géif ginn, hunn d'Direktiounen d'Personal mobiliséiert. Si sinn aus dem Congé erëmkomm, hu keng Iwwerstonne gescheit."
Bis elo géif et keng Indicen ginn, datt d'Hëtztwell zu Lëtzebuerg zu enger erhéichter Mortalitéit gefouert huet. A Frankräich gouf an de leschten Deeg schonn diskutéiert, datt d'Zuel vun den Doudesfäll no der Canicule kéint klammen.
Zu Lëtzebuerg kéint een dat awer de Moment net feststellen.
D'Canicule ass réischt e puer Deeg laanscht, elo wéilt den zoustännege Ministère kuerz-, mëttel- a laangfristeg Mesuren ausschaffen. Ee vun de wichtegste Sujeten hei: d'Klimatisatioun.
Kuerzfristeg solle mobil Klimaanlagen organiséiert ginn. Dat wier awer net einfach: "An engem Spidolsmilieu ass dat nach méi schwiereg. Déi musse mat Filtrage sinn", erkläert d'Martine Deprez.
Et géif een awer virgesinn, iwwert déi nächst Deeg, respektiv Wochen, gréisser Bestellungen erauszeschécken.
Op mëttel- a laangfristeg Siicht sollen nei Spideeler an Altersheemer komplett iwwerpréift ginn. Och bestoend Gebaier missten no an no ëmgerëscht ginn.
D'Ministesch mécht awer kloer, datt net all Patient séier mat engem klimatiséierten Zëmmer rechne kann. Prioritéit géifen déi Leit kréien, deenen hir Gesondheet duerch d'Hëtzt akut a Gefor ass.
Besonnesch vill Kritik gëtt et aktuell un de Restriktioune beim Lëften. Well d'Fënsteren aus Sécherheetsgrënn nëmmen op Kipp dierfen opgoen, fille sech vill Patienten a Familljen der Hëtzt ausgeliwwert.
Op Nofro seet d'Martine Deprez, si géif dee Sujet an den nächste Gespréicher mat de Spideeler uschwätzen. "Dat sinn technesch Detailer, déi een op der Plaz analyséiere muss", esou d'Ministesch.
Fir d'Spideeler net nach méi ënner Drock ze setzen, rifft d'Gesondheetsministesch d'Leit op, bei manner grave Problemer fir d'éischt den Hausdokter oder eng Maison médicale ze besichen – an net direkt an d'Urgence ze goen.
Besonnesch eeler oder vulnerabel Persoune sollte sech am Fall vu staarker Dehydratioun oder Malaise séier medezinesch betreie loossen.