Äntwert op parlamentaresch FroFamilljeministère relativéiert Statistiken iwwer Aarmutsrisiko

Pierre Jans
Andy Brücker
Net nëmme fir Pensionéierter ass de Risk an déi finanziell Aarmut ze rutschen méi héich ginn. Et ass eng Tendenz, déi op déi ganz Populatioun zoutrëfft.
© RTL-Archiv

Dat geet aus der Äntwert vum Familljeministère op eng parlamentaresch Fro vum neie CSV-Deputéierte Paul Galles ervir, dee Renseignementer iwwer eng rezent Etüd vun Eurostat wollt hunn.

Den Aarmutsrisiko ass zu Lëtzebuerg méi héich ginn. Am Joer 2017 louch e bei 18,7 Prozent fir d'ganz Populatioun, also vun héije Fonctionnairë bis Leit ouni Aarbecht. Fir Pensionéierter bei war et den Taux vun 9,3 Prozent. Am Joer 2008 nach war de Risk an d'Aarmut ze rutsche souwuel fir den Ensembel vun der Populatioun, 13,4 Prozent, wéi och fir Pensionéierter, 4,9 Prozent, méi niddereg. Am héchste war d'Differenz tëscht all de Mënschen zu Lëtzebuerg an just der pensionéierter Gesellschaft am Joer 2014.

Tëschent Guillemeten ''nëmmen'' 3,9 Prozent vun de Leit mat Pensioun hunn deemools den Aarmutsrisiko kannt. E Risiko mat deem deemools awer 16,4 Prozent vun der Populatioun konfrontéiert waren. Tëscht 2014 an 2017 ass dee Risiko fir Pensionéierter deemno ëm knapps 5 an en hallwe Punkt geklommen. Den Aarmutsrisiko fir Pensionéierter ass den Zuele vun Eurostat no aktuell esou héich wéi nach ni.

De Familljeministère relativéiert dës Statistiken a senger Äntwert un de Paul Galles a gëtt e Crashcours am Berechne vu Statistiken. Ganz dacks sinn dat Sondagen, Stéchprouwen also, am beschte Fall sou representativ ewéi méiglech, mä eben net ganz ouni Feeler. Et gëtt eng Marge fir Feeler an och eng Serie ka mol räissen, wann net all d'Zuelen disponibel waren. Eurostat berechent d'Proportioun vun der Gesellschaft déi an engem Stot lieft, an deem den disponibele Revenu manner duerstellt wéi 60 Prozent vum nationale Medianakommes. Et ass net d'Moyenne vun all de Revenuen, mä de geneeë Mëttelwäert: de Revenu an der Mëtt tëscht der Halschent vun den niddregste Revenuen an der Halschent vun den héchste Revenuen am Land. Lëtzebuerg huet traditionell dat héchst Medianakommes an der EU.

Eurostat huet ermëttelt, dass de Seuil vum Aarmutsrisiko am Joer 2017 zu Lëtzebuerg bei engem Revenu vun 21.645 Euro pro Joer louch. 2008 waren et nach 18.550 Euro.

Am Verglach mat der EU ass den Aarmutsrisiko fir Pensionéierter hei am Land méi niddreg. 9,3 Prozent hei am Land, géint 14,2 Prozent an der EU am Joer 2017. Allerdéngs ass dee Risk an der Unioun vun 2008 un all Joers méi niddreg ginn. Hei am Land war en awer 2017 méi héich ewéi nach 9 Joer virdrun.

D'Regierung verséchert an hirer Äntwert awer, der Tendenz mat ënnert anerem dem REVIS, der allocation de vie chère, der Sozialhëllef, de finanziellen Aiden bei der Alimentatioun an de Subventioune fir de Loyer entgéint ze wierken.

Back to Top
CIM LOGO