KäerchFarerflucht nodeems e Mupp vun engem Auto erfaasst gouf

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg géint 17 Auer war et um Bësch- a Léierwee "Härebësch" zu Käerch zu engem Tëschefall komm, bei deem en Hond vun engem Auto ugestouss gouf.
© RTL Grafik

De Chauffer vum Auto war nom Accident stoe bliwwen, fir der Meeschtesch vum Mupp ze hëllefen. Duerno war hien allerdéngs ouni seng Kontaktdonnéeën ze hannerloossen, fortgefuer. Hie war an engem hellgroe Pickup-Truck ënnerwee, op deem senger Luetfläch, Aarbechtsgeschier louch.

An dësem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien. Wien Informatiounen iwwert den Tëschefall huet, ass gebieden, sech bei der Stater Police ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 401 000 oder iwwer Mail.

Back to Top
CIM LOGO