
Ausgebrach war d'Feier an enger Buanderie um Rez-de-chaussée. Eng Wäschmaschinn hat Feier gefaangen. Wéi d'Police confirméiert huet, waren d'Rettungsekippe séier op der Plaz.
D'Flame konnte sech net ausbreeden, et koum awer zu enger hefteger Dampentwécklung am Trapenhaus. 5 Leit konnten iwwer d'Dréileeder erfollegräich aus dem Haus gerett ginn. 4 vun hinne koume fir eng Kontroll an d'Spidol, well si ze vill Damp ageotemt haten.
Op de Plaz waren d'Pompjeeë vu Schëffleng, Diddeleng a Käl-Téiteng.