
E Méindeg den Owend géint 21.25 Auer ass der Police Damp aus engem Wunnhaus an der Rue General Patton zu Wolz gemellt ginn. Éischten Erkenntnisser no ass d'Feier am Keller vum Gebai ausgebrach. Dat betraffent Eefamilljenhaus an direkter Noperschaft zum Lycée du Nord stoung eidel.
Obwuel am Haus keen ugetraff konnt ginn, ka Brandstëftung fir de Moment net ausgeschloss ginn. Den Dikrecher Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert an de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police gouf agesat, fir Spueren ze sécheren. Et gouf e Protokoll erstallt an Ermëttlunge goufen ageleet.