RëmelengFeier an Zëmmer iwwer Café séier am Grëff

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend um 20.22 Auer war wéinst engem Feier am Café an der Grand-Rue Groussalarm fir d'Rëmelenger Pompjeeën ausgeléist ginn.
© Sven D.

D'Feier an engem Zëmmer iwwer dem eigentleche Café war séier lokaliséiert an och schëtzeg geläscht.

Am Asaz war de CIS Rëmeleng mat 9 Mann, ënnerstëtzt vum CIS Käl-Téiteng. Och d'Police an d'Police technique waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO