CGDISFeier en Dënschdegowend op engem Bauerenhaff op der Trätterstrooss
An enger Scheéier hat et gebrannt. D’Pompjeeë vu Klierf, Wolz a Wëntger waren am Asaz, grad wéi och de GSAN, de Groupe de sauvetage animalier.
Verëffentlecht: 10.04.19 06:19, Update: 12.12.25 09:01
Weder Persounen nach Déiere koumen zu Schued. Och um Mëttwoch de Moien huet et op der Plaz nach ëmmer gedämpt, krute mer vun Zeie gemellt. Wéi et schéint huet Hee/Stréi an enger Scheier gebrannt, an et dauert bis dat alles evakuéiert ass.