Centre Hospitalier Neuro-PsychiatriqueFeier um 3. Stack ausgebrach, keng Blesséierter
RTL Lëtzebuerg
Zu Ettelbréck am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique war e Freideg kuerz virun 20 Auer ee Feier um 3. Stack ausgebrach. D'Patiente goufen evakuéiert.
D'Feier um 3. Stack am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique zu Ettelbréck e Freideg den Owend konnt séier geläscht ginn an d'Patiente konnten zeréck an hir Zëmmer goen.
Eng Enquête gouf ageleet, fir d'Brandursaach erauszefannen.