De Justizminister Felix Braz war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Dee Mëtteg gëtt an der Chamber jo d'Reform vum Nationalitéitegesetz debattéiert. Hei am Land wunne 47 Prozent Auslänner, Tendenz steigend. Vereinfachen a motivéieren ass d'Zil, fir méi Abiergerungen z'erreechen.
RTL.lu: D'Chamber stëmmt um Donneschdeg iwwert neit Nationalitéitegesetz ofOp dat geplangte Burkaverbuet ugeschwat, wollt de Felix Braz näischt soen. Bannent 5 bis 6 Wochen, wann en Text um Dësch läit, soll et do Detailer ginn. Hie wéilt Commentairen net kommentéieren, also och net, ob et eng 180 Grad Kéier vun der Regierung wär. Et kéint een iwwert de Verbuet mat vill Emotiounen diskutéieren oder mat Verstand. Hie schwätzt och léiwer vun engem „Vermummungsverbot“, doriwwer géif d'Regierung diskutéieren.
En Donneschdeg de Mëtteg ass de Platzverweis mat enger Motioun vun der CSV an der Chamber och e Sujet. D'Regierung hätt do just eng Positioun. De Platzverweis kënnt net. D'Strummerte wären eng sozial Fro, deemno bräicht ee sozial Léisungen.
Invité en Donneschden de Moien um 10 op 8 war de Justizminister Felix Braz.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.