Wéinst AlkoholFënnef Fürerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne misste fënnef Chaufferen hire Permis ofginn, well se ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© Archiv

E Mëttwoch an an der Nuecht op en Donneschdeg huet d’Police fënnef Fürerschäiner agezunn, well Chaufferen duerch hiert Fuerverhalen negativ op sech opmierksam gemaach hunn.

E Mëttwochnomëtteg ass enger Patrull am Stater Val de Hamm een Automobilist wéinst senger Fuerweis opgefall. Hien hat ze vill gedronk. Am fréie Mëttwochowend goufen zwee weider alkoholiséiert Chaufferen an der Stad aus dem Verkéier gezunn.

Och e Mëttwochowend gouf der Police een alkoholiséierte Chauffer tëscht dem Stafelter an Eesebuer gemellt. D’Police konnt dësen och ermëttelen. De Mann huet all Alkoholtest verweigert, well hien awer däitlech Unzeeche vun Alkohol gewisen huet, krut en de Fürerschäin ofgeholl.

Am Laf vun der Nuecht war dann nach zu Ettelbréck eng Persoun mat ze vill Alkohol mam Auto ënnerwee a musst hire Permis ofginn.

D’Police deelt dann och nach mat, datt am Moment SMSe verschéckt ginn, an deenen een opgefuerdert gëtt, eng Verwarnung an Héicht vun 49 Euro iwwert een Internetsite vum Staat ze bezuelen. Dobäi handelt et sech ëm eng Arnaque. Et soll een de Message ignoréieren a läschen.

Back to Top
CIM LOGO