ADRenalin isoléiertFënnef Jugendparteie géint Logementskris

Pierre Jans
Fënnef Jugendparteie gesinn eng grouss Urgence am Logement: Wunnraum fir Jonker. Mat hire Fuerderungen erfanne si d'Rad net nei: Eng staark ëffentlech Hand, Ënnerstëtzung fir Locatairen a Jonker, déi kafe wëllen.
(V.l.n.r.): Olivier Cano, Alice Hoffmann, Maxime Pantaleoni, Lou Linster a Metty Steinmetz.
(V.l.n.r.): Olivier Cano, Alice Hoffmann, Maxime Pantaleoni, Lou Linster a Metty Steinmetz.
© Pierre Jans

Ma op Initiativ vun de jonke Sozialisten hunn d'CSJ, d'JDL, déi jonk gréng, an déi jonk Lénk sech zesumme gedoen, fir den Drock op d'Regierung an d'Gemengen z'erhéijen. D'Jugendpartei vun der ADR hu si ausgeschloss.

Fënnef Jugendparteie géint Logementskris / Reportage: Pierre Jans

An do muss d'Fro erlaabt sinn, firwat?

"Dat ass kloer, oder?", freet d‘Alice Hoffmann vun déi Jonk Lénk direkt zeréck. Esou kloer ass dat net, well och si, déi Jonk vum lénkse Bord si jo mat am Boot. Dat ginn och d'Presidente vun CSJ an JDL ze bedenken. De Lou Linster vun de Jonken Demokrate fënnt:

"Mam ganz rietse Bord ass et do awer schwéier, e Konsens ze fannen."

An de Co-President vun de Jonke Sozialisten Olivier Cano mengt als Begrënnung, d'ADRenalin auszeschléissen, "dass déi sech jo méi drëms bekëmmeren, Waffen zu Lëtzebuerg ze legaliséieren, ewéi géint d'Logementskris ze wierken. Dofir si mir als Jonk Sozialisten och ganz staark dogéint, déi um Dësch ze hunn."

An d'Alice Hoffmann vun déi Jonk Lénk geet nach e Schratt méi wäit:

"Et ass kloer, dass mir e Konsens hunn, dass mir net mat Proto-Faschiste kollaboréieren. Ech si frou, dass mir dat och konnten esou bäibehalen an an Zukunft hoffentlech och esou weiderschaffen."

Ob berechtegt oder net, fënnef Jugendparteie schléissen eng konsequent aus. De President vun ADRenalin Maks Woroszylo spillt d'Reprochen iwwer Telefon erof a mécht Verweiser an d'Ausland, ouni se weider z‘explizéieren:

"Wann ech analyséieren, wat am Ausland esou leeft, da gesäit een awer, dass et ëmmer derwäert ass, mat deenen aneren ze schwätzen. Et wär verkéiert eng Partei z'isoléieren. D'ADR krut bei de leschte Walen 10 Prozent vun de Stëmmen an ech hoffen d'Partei wiisst nach. Da kann een dat net ignoréieren. Et wär en Interêt fir jiddereen, fir zesummen ze schwätzen. Ech huelen dat net esou ganz perséinlech."

Heescht: ADRenalin hätt eng Invitatioun ugeholl, well jo och fir si wär et wichteg, dass déi Jonk, déi hei am Land grouss gi sinn, och hei kënne wunne bleiwen. Am leschte Walprogramm hat ee sech awer just "e bësse" mam Logement auserneegesat, gëtt de Maks Woroszylo zou.

Vu Jonk Lénk bis Jonk Chrëschtlech-Sozial: déi fënnef Parteien hunn e Konsens op 12 Punkte fonnt. Si wëllen zum Beispill en nationale Logementsregëster fir déi eidel Wunnengen ze erfaassen. D'Gemenge solle mam gudde Beispill virgoen an net op d'Regierung waarden, appelléiert de Co-Spriecher vun déi jonk gréng Maxime Pantaleoni.

"Ech verstinn net, dass mir an der Logementskris nach ëmmer Gemengen hunn, déi kee komplette Regëster vun hire Wunnengen hunn. Dat gëllt virop fir d‘Stad Lëtzebuerg. Si hätt déi meeschten Aarbecht domat, awer och méi finanziell Moyene fir dat ëmzesetzen. Ech fannen et net responsabel vun der Buergermeeschtesch, fir an dëser Kris ze soen, dass si sech géint d'Ministere stellt an dat net matmécht."

Mam Regëster kéim eng Steier op eidel Wunnengen, fir d'Spekulatioun ze stoppen. Déi jonk Politiker wëllen och, dass d'SNHBM-Reegelen iwwerschafft ginn an d'Wunnengspräisser sech net just un de Baukäschten orientéieren.

"Wa mir dat géifen no der reeller Kafkraaft vun de Leit, also wat d‘Stéit verdéngen a kënnen ausginn, handelen, hätte mir e vill méi realistesche Präis", sou d'Alice Hoffmann.

Déi fënnef Jugendparteie fuerderen och, dass decidéiert Mesuren, fir Bauland ze mobiliséieren, endlech ëmgesat ginn. De Lou Linster: "De Remembrement ministériel an de Baulandvertrag. Elo si mir bal 10 Joer méi spéit an déi zwee Instrumenter si bis haut net agefouert ginn. Obwuel se an deem viregten an an deem aktuelle Koalitiounsaccord stinn. Et ass juristesch wuel net esou einfach. Mä de Staatsrot misst do mam Ministère eng Léisung fannen."

An a Punkto Loyer ass et dëse Konsens, Metty Steinmetz, CSJ-President: "Mir sinn der Meenung, dass de maximale Loyer, deen däerf gefrot gi fir eng Wunneng, och un d'Energieklass vun der Wunneng muss ugepasst ginn. Et ginn awer genuch Wunnengen, déi energeetesch net gutt sinn. Mir sinn an enger Klima- an Energietransitioun. D'Canicullen am Summer si schwéier z‘erdroen an am Wanter muss een deels vill heizen."

Dat e puer vun den 12 Fuerderunge fir d'Urgence Logement an de Grëff ze kréien. D'Jonk Sozialiste wëlle weider Aktioune starten, fir d'Jugend och ze mobiliséieren. Mol kucken, ob d'Parteien, deenen hir Mammepartei an der Regierung ass, do matzéien.

De ganze Fuerderungskatalog vun deene fënnef Jugendparteie fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO