TéitengFënnef Persounen no Abroch an eng Schoul ermëttelt
RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg haten e puer Leit probéiert, an eng Schoul zu Téiteng anzebriechen.
Update: 12.12.2025 08:33
D'Police war séier op der Plaz a konnt och als éischt dräi an dono weider zwou Persounen ermëttelen. Bei dräi vun de Persoune goufe Saache fonnt, déi si an der Schoul geklaut haten. De Parquet gouf informéiert a géint d'Persoune gëtt ermëttelt.