Zu Esch an an der StadFestnamen no Abroch an Déifstall

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun der Woch gouf zu Esch an e Café an an en Auto agebrach. An der Stad gouf an engem Buttek geklaut.
Zwee Männer haten no hirer Festnam Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
© Laurent Weber

An der Nuecht op e Méindeg krut d'Police en Abroch an e Café an der Kanal-Strooss zu Esch gemellt. Den éischten Informatiounen no ass den Täter duerch eng Fënster an de Café geklommen. Wéi hie bis dobanne war, hätt hien d'Kees duerchwullt a wier duerno fortgelaf.

D'Police huet eng Enquête an d'Weeër geleet a konnt de presuméierten Abriecher kuerz drop an der Rue Dicks stellen. Wéi d'Beamten hien duerchsicht hunn, hu si en Tablet an en Tournevis séchergestallt.

De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat e Méindegnomëtteg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Géint 11:40 Auer e Méindeg gouf d'Police da wéinst engem Déifstall an engem Buttek an der Stater Avenue de la Gare kontaktéiert. Zwee Männer hätten hei probéiert, Parfumsfläschen am Wäert vu knapp 1.000 Euro ze klauen. Ee vun hinne gouf awer beim rausgoen aus dem Geschäft vun engem Sécherheetsbeamte vum Geschäft gestéiert.

Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz komm an huet de Mann kontrolléiert. Dobäi hunn d'Beamten déi geklaute Parfumsfläsche fonnt a se dem Buttek zeréckginn. Wärend der Kontroll huet de Mann dann och nach versicht, sech mat Hëllef vun enger gefälschter Carte d'identité als eng aner Persoun auszeginn.

Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun en Untersuchungsriichter.

Um fréie Mëttwochmoie gouf dann en Abroch an eng Camionnette um Boulevard Kennedy zu Esch gemellt. Eng onbekannt Persoun huet hei eng Geschierkëscht geklaut. D'Police huet eng Enquête an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO