
Nodeem de Budgetsprojet de 14. Oktober vum Finanzminister an der Chamber deposéiert gi war, koum d'zoustänneg Kommissioun eng Dose Mol beieneen, do dernieft goufen et net manner wéi 18 bilateral Reuniounen tëscht dem Budgetsrapporter a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft, wéi z.B. der Stëmm vun der Strooss, der Caritas an och de verschiddene Gewerkschaften. De Rapport beliicht d'Budgetspolitik à moyen terme, geet natierlech op d'Recetten an d'Ausgaben an an interesséiert sech iwwer 40 Säiten ëm den PIB du bien-être, woubäi den Yves Cruchten d'Aarmut, d'Ongläichheeten am Land, de Logement an d'Aarbechtswelt ënnert d'Lupp hëlt.
Wat z.B. d'Besoinen u staatleche Gebailechkeete wéi Schoulen oder Administratiounen ugeet, proposéiert den LSAP-Deputéierten d'Schafe vun enger nationaler Kommissioun, déi genee dee Planning sollt am A behalen - an England ass dëst d'"National Infrastructure Commission".
De Rapport vum Yves Cruchten gëtt de nächsten Dënschdeg an der Chamber gemeet, no engem Exposé vum Finanzminister fänken dann d'Budgetsdebatten den nächste Mëttwoch de Moien um Krautmaart un.