
D’FGFC wëll den Dossier elo bei de Conciliateur bréngen. D’FGFC hätt zanter engem Joer ëmmer nees den Dialog gesicht, fir Mëssstänn unzeschwätzen an ee gesond Aarbechtsëmfeld ze schafen. Weder d’Direktioun vum TICE nach déi politesch responsabel wieren dialogbereet.
Elo géing et duergoen, esou d’FGFC en Donneschdeg de Mëtteg an engem Schreiwes.
Link: Dat ganzt Schreiwes vun der FGFC.
RTL-News (19.9.25): Protest-Piquet virun der Direktioun: Déck Loft beim Interkommunalen Transportsyndikat TICE