Schonn aacht Joer laang gëtt Quinoa um Gehaanshaff zu Beetebuerg produzéiert, zanter zejoert och Chia: Et sinn zwee Produiten, déi immens proteinräich sinn. De Christophe Hansen, EU-Kommissär fir Landwirtschaft a Liewensmëttel, war op Visitt um Gehaanshaff, fir sech den Ubau an d'Produktioun vun dëse Liewensmëttel unzekucken an d'politesch Ambitiounen un der Realitéit um Terrain ofzemoossen.
An den nächste Woche wäert en EU-Protein-Plang presentéiert ginn, dee virgesäit, dass engersäits d'Proteinproduktioun an der EU méi resilient an nohalteg soll ginn, an anerersäits den Import vu proteinräichem Déierefudder soll reduzéiert ginn. Chia a Quinoa gehéieren zu dëse Proteinnen, déi eng relativ nei Kultur wieren an esou an der Gesetzgebung nach net virgesi wären, sou de Christophe Hansen:
Genau esou Kulture musse mer abauen. Do muss awer dann och gehollef ginn, fir dat do ënnert d'Leit ze kréien, ech mengen, dat ass ganz wichteg. Dat ass och ee vun de Grënn firwat ech hei war. Mee, mir hunn och elo en anere ganz grousse Plang virgestallt iwwert Düngemëttel, well mir wëssen, dass mir extreem ofhängeg si vun Düngemëttel, wou mer elo finanziell wäerten hëllefen. Mir wäerte ronn eng hallef Milliard op den Dësch leeën, fir de Baueren elo direkt ze hëllefen.
Mat der aktueller geopolitescher Situatioun wier de finanziellen Drock bei de Baueren do. Mat de Wiederkonditioune géinge si rechnen, awer net onbedéngt mat präisleche Probleemer bei Dünger oder der Mechanik, sou de Gilles Biver, Proprietär vum Gehaanshaff:
Den Dieselpräis ass explodéiert. An och do si mer betraff. An deenen anere Kulture si mer och beim Dünger getraff. An och d’Maschinnekäschte sinn net erof gaangen déi lescht puer Joer. Den Index kënnt dann och dobäi, an natierlech dat spiere mir. An ech hoffen elo, dass déi Hëllefen awer relativ séier ukomme bei eis.
De Gehaanshaff gëtt mëttlerweil an der véierter Generatioun bedriwwen.
Mat méi staarker finanzieller Hëllef wéi bis ewell solle virun allem jonk Baueren encouragéiert ginn, an der Landwirtschaft ze bleiwen an innovativ Iddien ze bréngen, esou de Christophe Hansen:
Och eng sou genannten Transitiounspayement, wann se wëlle sech vun enger traditioneller Produktioun op eng aner ëmstellen. Dat heescht, do kréie si finanziell besser gehollef an Zukunft. Mee och d'Berodung, déi méi spezifesch muss sinn, net nëmme wat maachen ech op mengem Feld dobaussen, mee awer och eventuell, wéi kréien ech e Produkt vermaart, verpaakt, gebotzt, besonnesch a Kulturen, déi vläicht nei sinn?
Et géing u jonke Bauere feelen, dowéinst wier et wichteg, am direkten Echange mat hinnen ze sinn an ze héieren, wat déi konkret politesch Besoinen an der Landwirtschaft sinn – an dat net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och international.