
Dat deelt d’Regierung en Dënschdeg de Moien an engem Communiqué mat. Den entspriechende Gesetzprojet gouf adaptéiert, deemno si lo iwwer 2.600 Adressen eligibel. Et sinn elo méi Elementer op der Lëscht, déi kënne verbessert ginn an ënnert anerem ginn och d’Montanten erop. Mat bis zu 16.000 Euro fir en Haus an 8.000 Euro fir en Appartement kann ee vum Staat dobäi gehollef kréien, d’Isolatioun ze verbesseren.
Weider Infoen an de Formulaire fënnt een op www.guichet.lu an der Rubrik Logement.
Link: D’Schreiwes vun der Ëmweltverwaltung zu de finanziellen Hëllefe fir Schallschutz.