
De Plus kënnt dohier, well manner Suen ausgi goufen an zum Beispill d’Cotisatioune mat den Indextranchen an d’Luucht gaange sinn.
Fir d’nächst Joer gëtt dann awer mat engem Defizit vun iwwer 50 Millioune gerechent. Egal wéi muss also an den nächste Joren eng Léisung fonnt ginn, fir d’Finanzéierung vun der CNS ze garantéieren.
Finanzéierung vun der CNS a Verbreedung vum Paiement immédiat direct ware Sujet
Wéi kann d’Finanzéierung vun der Gesondheetskeess an Zukunft garantéiert ginn a wisou ass de Paiement immédiat direct net méi verbreet?
Dëst waren zwou zentral Froe bei der Quadripartite vun der Sécurité sociale. Vun der Regierung war iwwregens kee Minister mat dobäi, well den aktuelle Santés- a Sozialminister keng Decisioune méi huelen dierfen. D’Situatioun ass net roseg, d’Léisungsvirschléi verschidden.Fir d’Patronat kënnt eng Erhéijung vun de Cotisatiounen net a Fro. D’Gewerkschafte gesinn dat anescht, esou de Carlos Pereira vum OGBL.
“Dann, wann et muss sinn iwwert d’Cotisatiounserhéijung oder Plafonnement vun de Cotisatiounen. Dann trëfft ee vläicht endlech déi, déi mega vill verdéngen, an déi, déi dee Moment richteg abezuelen an d’Gesondheetskeess, fir de ganze System ze finanzéieren.”
Och den LCGB wëll net, datt d’Cotisatiounen erhéicht an d’Prestatioune gekierzt ginn. Der AMMD feelen an de Projektioune vun der CNS an der Inspection générale de la sécurité sociale den Developpement vun der medezinescher Versuergung.
“Vill Leit waarde laang, woumat net just Leed bei de Leit verbonnen ass, mee och Krankschreiwungen an d’Luucht ginn, wat och erëm e finanzielle Problem fir d’Assurance maladie bedeit. D’Kaz bäisst sech also bëssen an de Schwanz”, esou de President Alain Schmit.
Wat de Paiement immédiat direct betrëfft, bedauert de Carlos Perreira vum OGBL, datt een einfach net virukéim. D’Diskussioune wieren antëscht komplett lächerlech. Zanter Enn September wier den informatesche System operationell, hat de Minister Haagen annoncéiert. Domat wier et awer leider net gedoen, bedauert de Christophe Knebler vum LCGB.
“Mir mussen Acteuren hunn, déi dat kënnen installéieren, Fournisseure vu Softwaren. Mir mussen an de Cabineten déi néideg Soft- an Hardware hunn. Deen Exercice ass bis elo net gemaach ginn. Wat bréngt also e System, deen u sech prett ass, mä net ka genotzt ginn, well d’Rahmebedingungen net geschaaft goufen?”
D’Assuréë wiere leider erëm déi, déi heirënner géife leiden, hunn d’Gewerkschaften nach bedauert.