
Sozial Gerechtegkeet, Kompetitivitéit an Nohaltegkeet, dat sinn déi 3 Pilieren, op déi am Budgetsprojet fir 2019 gesat gëtt. De Finanzminister Pierre Gramegna huet en Dënschdeg an der Chamber d'Detailer presentéiert. Hien huet eng gesond finanziell Situatioun opgezeechent. Lo géing et drëm goen, fir d'Weichen ze stellen, mat engem Budget vun der Wäitsiicht, der Nohaltegkeet, Gerechtegkeet, sozialer Kohesioun a Kompetitivitéit.
Et soll e Budget si vun der Viraussiicht, der Durabilitéit, der Gerechtegkeet, der sozialer Kohäsioun an der Kompetitivitéit sinn.
Bei der Administration publique steet fir d'Joer 2019 e Solde vun 632 Milliounen €, dat ass 1% vum PIB. Dëse Plus soll bis 2022 kontinuéierlech ausgebaut ginn, fir da bei 1,4 Milliarden ze leien.
D'Depensë beim Zentralstaat leie bei 19,6 Milliarden, eng Hausse vu 5,8%. Op där aner Säit stinn d'Recettë bei 18,9 Milliarden. Och si ginn an d'Luucht an zwar ëm 1,6% par Rapport zu zejoert.
Et hätt een och kënnen en equilibréierte Budget presentéiere, esou de Finanzminister Pierre Gramegna, ma et wéilt ee virsiichteg sinn an eben och op staark Investissementer setzen.
Beim Solde vun der Administration centrale steet um Enn e Minus vu 650 Milliounen €. 2022 soll et op där Plaz en Equiliber ginn.

D'Regierung plangt Investissementer op Rekordniveau. Si concernéieren ënner anerem de Logement, d'Educatioun, d'Recherche, d'Digitaliséierung, d'Infrastrukturen an den Transport, d'Energie, d'Kultur a sozial Strukturen.
Als absolut Prioritéit bei den Depensë nennt de Minister iwwregens de Logement. De Budget vum Wunnengsbauministère geet an deem Kontext ëm 6,8% erop.
Konkret Steier-Mesuren
Et fënnt ee konkret steierlech Mesuren, déi am Koalitiounsaccord annoncéiert waren, ewéi e Crédit d'impôt fir de Mindestloun ëm 100 € ze héijen oder de super-reduzéierten TVA-Saz fir Hygiènesproduite fir Fraen (Binden an Tamponen) oder nach d'Betriebssteier, déi vun 18% op 17% erofgeet. Et war och d'Präzisioun, datt d'Mindestlounerhéijung vun 100€ via Crédit d'impôt gereegelt gëtt.
Beim Sprit sollen d'Accisen um Liter Bensin ëm 1 Cent erop goen a beim Diesel ëm 2 Cent. De Finanzminister Pierre Gramegna confirméiert d'Hausse vun den Accisen. Domadder kéimen ongeféier 2,5 Milliounen zousätzlech Steierrecetten an d'Keese vum Staat. De Minister schwätzt vun enger moderater Hausse a vun engem Zeechen, datt Lëtzebuerg d'Consommatioun vu Pëtrolsproduiten net méi wëll encouragéieren.

Nodeems de Budgetsprojet an alle parlamentaresche Kommissiounen den Deputéierten - am Chamberplenum - presentéiert gouf, ass en Dënschdeg de Mëtteg um 14 Auer och eng Entrevue geplangt tëscht dem Minister, den Deputéierte vun der Finanz- a Budgetskommissioun an dem Direkter vun der "Inspection générale des finances et des représentants du Trésor".
Bis elo huet de Staatsbudget mat de sougenannten "douzièmes provisoires" fonctionnéiert; dat wéinst de Walen am Oktober, sou datt eréischt no der Assermentatioun vun der neier Regierung konnt ugefaangen ginn, um Budget-Projet ze schaffen. Dat entspriechend parlamentarescht Dokument krut d'Nummer 7450.
Nodeems d'Joëlle Elvinger déi leschte Kéier Budgetsrapportrice war, ass dësen Exercice dëst Joer mam André Bauler nees an den Hänn vun engem DP-Politiker.
RTL-NEWS virum Depot: Budget 2019 mat QR-Code - Investitiounen iwwer 2,5 Milliarden € a punktuell TVA-Baissen.No der Ried an der Chamber huet de Finanzminister en Dënschdeg de Mëtteg an der parlamentarescher Finanz- a Budgetskommissioun weider Explikatioune ginn, zesumme mat Vertrieder vun der Finanzinspektioun an der Trésorerie.
Ënner anerem gouf iwwer déi praktesch Ëmsetzung vun der Mindestlounerhéijung geschwat, déi jo soll via Crédit d'impôt realiséiert ginn. Déi Leit, déi tëscht dem onqualifizéierten an dem qualifizéierte Mindestloun verdéngen, géingen och vun der neier Mesure profitéieren, huet de Finanzminister Gramegna no der Kommissiounssëtzung verséchert.
Et tabléiert een op ee Wirtschaftswuesstem vun 3%. Och den Emploi wäert weider klammen. Dee Wuesstem misst mat Investissementer begleet ginn. Prioritéit hunn do de Logement an de Liewensstandard.
Trotz geplangten Defizit ier et eng virsiichteg Finanzpolitik mam Zil vun engem budgetären Equiliber 2022.
Een neien Emprunt bleift eng Optioun. Dat hänkt vun de Liquiditéiten of. Déi sinn den Ament awer op engem gudden Niveau.
Elo Staatsschold zeréck bezuelen, war bei den aktuellen Zënse falsch.
Fir d'Land attraktiv ze halen, wäert d'Betribsbesteierung op alle Fall net an d'Luucht goen, esou ënnert anerem de Finanzminister.
