Chamberkommissioun zu BankfraudenFinanzminister Roth: Och Clienten hunn eng Obligatioun, mee Banke musse präventiv handelen

Claudia Kollwelter
En Donneschdeg stoung an der Chamber eng Finanzkommissioun iwwer Bankfrauden um Ordre du jour.
© AFP

“Ech huelen de Sujet vu Bezuel-Bedruch ganz eescht, well et och ëm d’Reputatioun vun eiser Finanzplaz geet an ech verstinn d’Roserei vun de Clienten.” Dat huet de Finanzminister Gilles Roth en Donneschdeg no der Chamberkommissioun betount, an där et ëm eng Motioun vum LSAP-Deputéierte Ben Polidori iwwert Bankfraudë gaangen ass.

Chamberkommissioun zu Bankfrauden / Reportage: Claudia Kollwelter

Enn November gouf sech op europäeschem Plang op eng nei Reglementatioun gëeenegt, déi an den nächsten 2 bis 3 Méint applikabel gëtt. De Finanzminister Gilles Roth erkläert, wat domat kloer ännert:

“Dass um Niveau vun der Gesetzgebung éischtens eng Obligatioun ass fir ze entschiedegen, dat heescht, de Client kënnt a Genoss vun enger Entschiedegung, dass en Ëmdréine vun der Beweislaascht ass, nämlech dass d’Bank muss soen, dass de Client grob farlässeg gehandelt huet, an drëttens, dass och de Client ‘von Gesetz wegen’ eng Informatiounsflicht huet, soubal e Kenntnis dervun huet, dass e Bedruch op sengem Kont geschitt ass. Dass en net nëmmen d’Bank muss informéieren, mee och d’Police direkt.”

Et wier wichteg, e gesonden Equiliber ze halen, tëscht der Responsabilitéit vun de Banken a Client. De Client hätt eng Obligatioun, mee d’Banke missten och präventiv handelen:

“Dat heescht, dass wa se higewise ginn op suspekt Transaktiounen, dat heescht Iwwerweisungen, dass se dann direkt déi musse stoppen. Dass d’Bank selwer muss préiwen, ob de Kontoinhaber, ob deen iwwereneestëmmt mat der Nummer vun dem Kont, dass och bei gréissere Beträg, dass do vläicht eng Direktiwwerweisung net onbedéngt muss geschéien, mee dass e gewëssenen Delai ass, deen och dem Client erlaabt, gegeebenefalls dee réckgängeg ze maachen.”

D’Finanzkriminalitéit kennt keng Grenzen, huet de Gillles Roth nach betount a begréisst dofir, datt et mat der neier Reglementatioun eenheetlech Virschrëften a ganz Europa wäert ginn, wat en Avantage fir Lëtzebuerg wier:

“Well mir e klengt Land sinn a well ganz vill Bankoperatioune sech jo net nëmmen op Lëtzebuerg selwer konzentréieren, mee well se grenziwwerschreidend sinn, duerfir hu mer eigentlech Avantage dervunner, dass eng europäesch Reglementéierung, déi dann och gläich an alle Länner applizéiert gëtt.”

Bei Bankfrauden huet ee mat Professionellen ze dinn an dofir wier et och extrem wichteg, de Client iwwert all nei Forme vu Bedruch z’informéieren. De Finanzminister schléisst dofir net aus, datt d’Regierung an deem Kader Campagnë lancéiere wäert:

“Déi Campagnë musse reegelméisseg gemaach ginn. An et ass och den neie Schema vun der Fraude, a wann ech soen, et si Profien um Wierk, da muss een och professionell deem entgéintwierken. Déi Suen, a wann dat och ëffentlech Sue sinn, déi do agesat ginn, déi sinn dann och gutt ugeluecht, well et och, an dat soen ech als Finanzminister, en Deel vu Vertrauen ass vun de Bierger an eis Banken - a Finanzplaz.”

Ganz kéint ee Bedruch sécherlech net ausschléissen, mee et misst een alles maache fir de Bezuelbedruch um méiglechst niddregste Level ze halen, huet de Finanzminister nach ënnerstrach.

Back to Top
CIM LOGO