Projet SportsmuséeSportsministère weist LSAP-Reprochë vu sech

Pit Everling
Am zukünftegen Escher Quartier „Rout Lëns“ soll bis 2029 de Sportsmusée entstoen. Der LSAP no goufe verschidde Prozeduren net agehalen. Den Dossier soll un de Rechnungshaff goen.
© MSP

Wunnengen, Büroen, Butteker an e Musée. An der fréierer Turbinenhal soll op 2.500 Meter Carré d’Geschicht vum Lëtzebuerger Sport an d’Vitrinn gestallt ginn. De Projet steet awer an der Kritik.

LSAP-Reprochen un de Sportsministère beim Plange vum Sportsmusée

De Wee vum Sportsmusée war souwisou scho sportlech. Den initiale Site huet misste fale gelooss ginn an d‘Käschte sinn duerch de Plaffong gaangen. Aus Lankels gouf Rout Lëns, aus ugangs 16 Millioune goufen der bal duebel sou vill. D‘LSAP-Deputéiert an Escher Conseillère Liz Braz schwätzt vun engem irresponsabelen Ëmgang mat Steiersuen an och mat Prozeduren. Virun allem mat Bléck op d‘Legislatioun a punkto Ausschreiwunge wier de Ministère hei net „en règle“.

“Et gi Marché-Publics-Gesetzer, souwuel op nationalem Niveau wéi och op europäeschem Niveau, a verschidde Montanten, dat huet ugefaange bei enger Machbarkeits-Studie, déi hei net ausgeschriwwe ginn ass, an Héicht vun 170 .000 Euro anscheinend, déi hätt scho missen ausgeschriwwe ginn. Déi gouf awer direkt attribuéiert un dee Promoteur, deen och herno sollt de Projet bauen”.

Bei dësen Interessekonflikt kéim d‘Signature vun enger Konventioun derbäi, déi dem Promoteur IKO Real Estate Exklusivrechter zougestanen hätt, monéiert d‘LSAP-Politikerin. Lo misst de Finanzministère asprangen an de fäerdege Projet kafen. Et wier net korrekt, datt keng aner Acteuren d‘Chance kritt hätten, de Projet ze realiséieren, vläicht souguer méi bëlleg, seet d‘Liz Braz, déi engem Sportsmusée zu Esch prinzipiell positiv gesënnt ass. Mä hei wier eben e Projet op Mooss geschneidert gi fir een eenzege Promoteur. Fir vu Favoritismus ze schwätzen, souwäit wëll d‘Liz Braz awer net goen.

“Ech géif hei ausschléissen, dass et sech ëm Copains-Gepflogenheete géif handelen. Ech mengen, dass een Hannergrond ganz sécher deen ass, dass de Minister schlecht beroden ass a selwer och wéineg Anung huet vun deene Prozeduren, déi en hei hätt missen an de Wee leeden. An da mengen ech op där anerer Säit awer och, dass en dat séier iwwert de Knéi wollt briechen”.

Den CSV-Sportminister hätt wëllen dovunner oflenken, datt hie virdrun a senger Funktioun als Escher Buergermeeschter dee Projet schleefe gelooss hätt, seet d‘sozialistesch Conseillère. De viséierte Minister deelt dës Vuen alleguer iwwerhaapt net. Hie rappeléiert, wat hie schonn op divers parlamentaresch Froe geäntwert huet. De Site géing sech eegenen an et kéimen der keng 100 anerer am Land a Fro. Eng Ausschreiwung wier net néideg gewiescht, sou de Georges Mischo.

“Dat ass fir de Sportsmusée zu Esch, genau wéi bei eng ganz Rei anere Sports-Sitten, ech soen elo zum Beispill d’ Coque, keen Appel à Candidature gemaach ginn ass, an dat war bei deem éischte Projet, deen den Här Kersch jo mat op d’ Been gesat huet, och net de Fall”.

De Projet wier nach net vum Finanzministère kaaft ginn, seet de Sportminister Mischo, och wann d‘Prozeduren en Vue vun enger Acquisitioun géinge lafen. Fir d‘Faisabilitéits-Etüd wiere keng Sue gefloss a fir den Ëmbau géingen elo och d‘Marchés-Publics-Gesetzer spillen.

“Renovatiounen, dat gëtt natierlech mat Marché public gemaach. Dat ass ganz, ganz kloer.”

De Georges Mischo bleift dobäi, datt näischt falsch gemaach gouf.

“Mir hunn transparent och Dokumenter erausginn. Also ech hu kee schlecht Gewëssen, dass mer do gréisser Feeler gemaach hunn. Et waren x Ministèrë mat am Boot, déi jo dat doten och net fir d’éischt maachen. Et géif mech elo wierklech traureg maachen, wann elo e Projet torpedéiert gëtt vun der Escher Gemengeconseillère op engem Escher Site”.

D‘Escher Conseillère an Deputéiert Liz Braz wëll et awer net dobäi beloossen. An der Kommissioun vun der Exekutioun vum Budget wëll si d‘Demande stellen, datt d‘Cour des Comptes mam Dossier saiséiert gëtt. Si hofft an dëser Fro op eng Majoritéit, respektiv op en iwwerparteileche Konsens. E Méindeg huet d‘LSAP-Fraktioun d‘Demande gemaach, fir de Sujet an der genannter Chamberkommissioun op den Ordre du Jour ze setzen.

Back to Top
CIM LOGO