Ëffentlech FinanzenFinanzministesch zefridde mat den Zuelen aus dem 1. Trimester

RTL Lëtzebuerg
D'Yuriko Backes huet den zoustännege Chamberkommissiounen e Méindeg d'Situatioun vun den ëffentleche Finanzen detailléiert.
© RTL

Um Enn vum Budgetsjoer 2022 bieft wuel een Defizit vu ronn 350 Milliounen Euro. Um Enn vum 1. Trimester huet den Zentralstaat Recetten an Héicht vu 6,2 Milliarde gemaach. Dat ass ee Plus vun 2,3 Prozent am Joresverglach a läit op enger Linn mam Budget fir dëst Joer.
2022 sinn hei am Land 17.000 nei Aarbechtsplaze geschaaft ginn. Eppes, wat natierlech via d’Steieren op de Gehälter méi Geld an d’Staatskeess spullt. Weider Recettë sinn och via d’Indextranchen an déi domadder verbonne méi héich besteiert Paien erakomm.

Bei den Depensen ass et eng Hausse vun iwwer 18 op 6,3 Milliarden Euro am Verglach mam éischten Trimester zejoert. Hannergrond si Facteure wéi déi verschidde Finanz-Hëllefe fir Stéit a Betriber an Héicht vun iwwer 750 Milliounen Euro, den Impakt vun den Indextranchen op d’Ausgabe vum Staat, an d’Astelle vu weidere Leit. Derbäi kënnt eng Hausse vun den ëffentlechen Investitiounen.

D’Staatsschold läit aktuell bei 22,2 Milliarden Euro. Dat ass eppes iwwer 27 Prozent vum PIB a läit weider ënnert der Barre vun 30 Prozent. Am Juli gëtt ee Staatsemprunt rembourséiert. Da fält déi Staatsschold op ongeféier 24 Prozent.

Fir de Gilles Roth vun der CSV ass et wichteg, dass d’Land weider ënnert der Grenz vun 30 Prozent bei der Staatsschold bleift. D’Leit heiheem géifen dann drop waarden, dass d’Indextranchen och dat am Portmonni brénge wat se sollen.

“Wichteg ass dass een an där Trajectoire bleift an dass och net d’Staatsfinanzen esou hannebäi sinn, dass et iwwer déi nächste Joren net géing opgoen. Et muss een natierlech wëssen dass d’Leit eng ganz Rei vun Indextranchen net inflatiounsberengegt kruten. Wou se dann iwwer 750 Milliounen Euro méi u Steiere bezuelen, wéi dat geschitt wier, wann déi Inflatiounsberengegung wier. Dat kann een net endlos virufueren. Et kann net sinn dass, d’Leit mat engem klenge bis mëttleren Akommes fir all 100 Euro déi se méi verdéngen dem Staat iwwer 40 Euro Steiere bezuelen.”

Dat ass de Beweis fir eng virsiichteg Budgetspolitik trotz ville geopoliteschen Onsécherheeten an och enger héijer Inflatioun, seet den André Bauler vun der DP.

Et misst och bei der Virsiicht, an enger Limite bei der Staatsschold vun 30 Prozent vum PIB bleiwen, esou den André Bauler.

“Wann ee kuckt, da gesäit een, dass dee Prozentsaz bis 2027 ënnert deenen 30 Prozent bleift. Dat géif sech dann situéieren ronderëm 26 Prozent fir d’Joer 2023. Et geet awer erop bis bal 29 Prozent am Joer 2027. Dat weist dass mir weider eng virsiichteg Politik fuere mussen. Et weist awer och, dass déi Solidaritéitspäck déi beschloss gi sinn, hir Friichten droen, d’Kafkraaft erhalen an d’Wirtschaft stäerken. An dofir suergen, dass d’Inflatioun hei zu Lëtzebuerg déi niddregst an der ganzer EU ass.”

PDF: Tableaux de la situation budgétaire au 31 mars

Back to Top
CIM LOGO