Energieversuergung zu Lëtzebuerg (3)Fir de Wanter bei héije Gaspräisser spueren

Jeannot Ries
De Message vun der Politik ass kloer: Bei héije Gaspräisser spueren. Wat d'Versuergungs-Sécherheet ubelaangt, géif Lëtzebuerg gutt do stoen.
Fir de Wanter bei héije Gaspräisser spueren
De Message vun der Politik ass kloer: Bei héije Gaspräisser spueren. Wat d’Versuergungs-Sécherheet ubelaangt, géif Lëtzebuerg gutt do stoen.

D’Zesumme mat Mataarbechter vun der Creos huet sech eng RTL-Ekipp eng vun den zwou Plazen op der Grenz mat der Belsch ugekuckt, wou den Ament Gas an d’Land erakënnt. Eng Leitung mat Däitschland ass scho méi laang eidel.

Déi historesch gewuesse Proximitéit zu der Belsch spillt de Responsabelen hei am Land den Ament an d’Kaarten.

''Et ass esou, datt d’Belsch gutt approvisionéiert ass. Mat engem gewësse Portefeuille vu verschidden Import-Sourcen. Op där enger Säit iwwer Norwegen, wou ganz vill Gas erakënnt. England. An dann natierlech och den LNG, de Flësseggas, deen eis och hëlleft, fir gutt iwwer de Wanter ze kommen, '' sou de Simeon Hagspiel, Regierungskommissär fir Energiefroen.

Nieft Zeebruges, wat d’Approvisionnement ubelaangt, sinn d’Blécker op eng weider Stad an der Belsch geriicht: Bréissel, wat d’politesch Decisiounen op EU-Niveau ugeet.

''Mir hunn och gutt reagéiert um europäeschen Niveau. Mir hunn d’Gas-Späicher elo gefëllt. Dofir si mer elo an enger besserer Situatioun wéi nach viru 5 bis 6 Méint, well mer do och politesch eng kloer Aktioun gemaach hunn, fir d’Gas-Späicher ze fëllen. An dat anert, wat mer och politesch decidéiert hunn, ass, datt mer kucken, kollektiv an Europa 15% Gas aspueren. An dat Drëtt, wat mer maachen, ass dat mer eng europäesch Akafs-Plattform hunn, fir Gas anzekafen vun anere Plazen an der Welt.’’ sou de Minister fir Energie Claude Turmes.

Gas-Späicher, déi an der EU zu iwwer 80% gefëllt sinn. An Däitschland souguer schonn iwwer 85%. Wat bedeit dat konkreet?

''Mir hunn an Europa Späicher-Capacitéiten, déi an engem normale Wanter 25 bis 30% vun der Consommatioun couvréieren. Dat heescht, et ass wierklech signifikant. Déi Späicher sinn elo gutt gefëllt. Och par Rapport zum leschte Wanter, wou mer dee Problem jo wierklech haten. Datt Späicher net gutt gefëllt waren, notamment déi vu Gazprom.’' sou de Simeon Hagspiel.

Virun der Kris koum den Europäesche ‘Gas Coordination Group’ op techneschem Niveau all zwee Méint zesummen. Den Ament lafen déi Reuniounen am Wochentakt. Mat am Mëttelpunkt der Versuergungs-Sécherheet.

Hei zu Lëtzebuerg halen déi Responsabel vun der Creos d’Approvisionnement, awer och de Verbrauch am Aen. Konstant gëtt den Debit ugepasst. Mat der Hoffnung, datt d’Courbe de Wanter net ze wäit ausschléit.

''De Gaspräis ass extreem héich, well dem Putin seng Politik natierlech bewosst gemaach ass, fir d’Gas-Präisser an d’Luucht ze drécken. Elo muss gespuert ginn. De Staat an d’Gemengen. D’Industrie, sämtlech Betriber. An awer natierlech och bei de Leit. All Grad manner si 6 bis 7 % Energieverbrauch. Doduerch maach der är Gas-Rechnung méi kleng. A wa ganz Lëtzebuerg 15% aspuert, da brauchen eis Gas-Firmaen net op de Marché kafen ze goen, wou de Gas immens deier ass.’' sou de Minister.

De Verbrauch u Gas wäert dëse Wanter ferm an de Portmonnie schloen. Déi Responsabel vun Enovos hunn ausgerechent, datt en Duerchschnëtts-Stot vu 4 Persounen 2.350 Euro d’Joer méi bezuele misst. Am Fall wou net genuch Gas gespuert géif, besteet de Risiko, datt d’Käschten nach méi klammen. Well d’Fournisseuren da Gas zum aktuell ganz héije Präis nokafe missten.

Back to Top
CIM LOGO