D'Ëmsetze vun den Upassungen um Pensiounssystem huet fir Kappzerbrieches fir d'Pensiounskeess gesuergt. D'Chamber huet Enn d'lescht Joer ënnert anerem eng Hausse vun de Cotisatioune vu 24 op 25,5 %, eng progressiv Hausse vun der Cotisatiounsdauer an eng nei progressiv Pensioun gestëmmt.
Huet d'CNAP e gutt halleft Joer méi spéit Léisunge fonnt? Wéi vill finanzielle Spillraum respektiv Zäit huet d'Pensounskeess duerch d'Upassunge gewonnen?
Dat froe mir de Chef vun der Pensiounskeess, den Alain Reuter, en Donneschdeg de Moien hei op RTL. Mir froen hien och, ewéi d'Projektioune vum Pensiounssystem ausgesinn a wat hie sech vun der nächster Pensiounsdebatt erwaart.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.