
D'Flüchtlingen a Bosnien brauche fir déi kal Wanterméint waarm Kleeder an Equipement, fir dass och si déi äiseg Temperaturen iwwerstoe kënnen.
Speziell gebraucht gi Wanter-Strëmp a waarm Ënnerwäsch, Pulloveren, Sweatshirten, Wanderschong, Turnschlappen, Zelter, Schlofsäck, Rucksäck, Decken an natierlech och Wanterjacketten (alles an de Gréissten S bis L).
D'Collecte ass den 9. Januar vun 10 bis 15 Auer als Drop Off bei der Hall Fondoucq zu Diddeleng.
Fraen- a Kannerkleeder ginn den Ament net gebraucht.
RTL-News: Bosnien - De Joreswiessel am Camp Lipa
