
Eng Policepatrull ass sech op déi gemellte Plaz tëscht der Avenue de la Liberté an der Place du Marché ëmkucke gaangen an huet do effektiv e Mann getraff, dee Verletzungen un den Hänn hat. Och de Beamten géigeniwwer huet hie sech aggressiv verhalen an huet dës ugegraff.
D'Polizisten hate Méi de staark alkoholiséierte Mann z'immobiliséieren an hunn him aus Sécherheetsgrënn Handschellen ugedoen. Och um Wee op de Policebüro huet de Mann weider gedreet a mat Féiss widder den Policewon geklappt.
No der Kontroll vun engem Dokter, huet de Mann sech dierfen an der Zell berouegen a säi Rausch ausschlofen.
Wéi d'Police weider mellt, goufe kuerz virun Hallefnuecht 3 Männer vun engem Grupp Männer am Alter tëscht 18 an 22 Joer ugegraff a blesséiert. D'Täter sinn éischten Ermëttlungen no all vun däischterer Hautfaarf. Geklaut gouf en iPhone an eng Kap vun engem vun den Affer. Beim Versuch och nach de Portmonni ze klauen, hunn déi 3 sech gewiert an d'Täter si geflücht.
Déi 3 Männer koume blesséiert an d'Spidol.