
D’Inneministesch Taina Bofferding huet déi zwee relativ Gesetzprojeten e Mëttwoch an der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun virgestallt. Groussbus-Wal mat zukünfteg 12 Leit am Gemengerot kritt dann och eng staatlech Hëllef vu 5 Milliounen a Bous-Waldbriedemes wou 11 Leit am Gemengerot wäerte siegéieren, eng Aide vu 6,7 Milliounen, steet um Site vun der Chamber ze liesen. Aktuell falen déi véier Gemengen ënnert de Majorzsystem, esou gëtt och de 11. Juni gewielt. No den Zesummeschlëss wäerte béid Fusiounsgemengen nach ëmmer manner wéi 3.000 Awunner hunn. Ob 2029 nom Majorz- oder Proporzsystem gewielt gëtt, wäert dovun ofhänke wéi sech d’Awunnerzuel an den nächste sechs Joer entwéckelt.
No dësen zwou Fusioune ginn et dono da genee 100 Gemengen am Land.