Wien denkt, datt d’Natur an dëser kaler Joreszäit schonn am Wanterschlof ass, deen täuscht sech. Och am November ginn et nach eng jett Aufgaben, déi ustinn. Mat der Biologin Kelly Kieffer, dem Fierschter Jeff Wagener a sengem Mupp Mona ware mir am Süde vum Land ënnerwee.
Déi éischt Statioun vum Dag war de Bongert Altenhoven zu Beetebuerg. E läit e bësse verstoppt, ee Feldwee hannert dem Futtballstadion eran. Trotzdeem ass et eng ganz besonnesch Plaz: Mat senge ronn 1.200 Uebst- an Nëssbeem, déi deels schonn iwwer 100 Joer al sinn, ass et dee gréissten zesummenhänkende Bongert am Land. Ënnert anerem Äppel, Bieren, Kiischten, Prommen, Iesskäschten, Mirabellen a Quetsche wuessen hei.
Zanter 1998 ass et en Naturschutzgebitt, dat ënnert anerem och vu Benevolle vun Natur an Ëmwelt ënnerhale gëtt. Wéinst senge ville raren Aarten ass de Bongert besonnesch schützenswäert. D’Kelly Kieffer erkläert eis, wat op den éischte bléck fir e Laien net offensichtlech ass. Hei ginn et vill al Zorten, déi typesch fir d’Regioun sinn an déi et deels och just nach hei ginn. Ee Beispill ass d’Neelchesbier.
Um Schluss vun der laanger Bierenallée stoung virun 100 Joer nach e Bauerenhaff, deen dem Bongert och säin Numm ginn huet. De Bongert war wuel ursprénglech ugeluecht ginn, fir d’Aarbechter aus der Regioun mat deem ze versuergen, wat se gebraucht hunn. Friichten, Gebeess, awer alt emol eng Drëpp.
Datt et den deels schonn iwwer 100 Joer ale Beem hei am Bongert Altenhoven esou gutt geet, ass net zulescht och de Benevolle vun Natur an Ëmwelt ze verdanken. Fir datt d’Beem méiglechst al ginn, musse reegelméisseg esou geschnidde ginn, datt se méiglechst staark bleiwen.

Sinn déi al Beem awer bis um Enn vun hirem Liewenszyklus ukomm, gi se awer net einfach ëmgemaach. Si bidden Insekten a Vigel, wéi zum Beispill dem Steekautz, e wichtege Liewenshabitat.
Obwuel d’Aartenerhalung e wichtegen Aspekt ass – de Bongert Altenhoven ass kee verstëbste Musée. Et ass eng lieweg Plaz, wou d’Communautéit zesumme kënnt. Et kann een hei säin Uebst fir den Eegebedarf plécke kommen, an eng Kéier am Joer gëtt et hei och ee Rafdag, wou een op der Plaz mam gesammelten Uebst säi Viz maache kann.
Als Fierschter huet de Jeff Wagener ee groussen Zoustännegkeetsberäich. Un der Entrée vum Bëschkierfecht “Jongebësch” zu Beetebuerg gëtt och grad eng Bierenallée geplanzt, déi schonn am nächste Fréijoer hir wäiss Bléie weise wäerten. D’Lächer si scho gegruewen - d’Beem waarde just nach drop, hir Wuerzelen op der neier Plaz ausbreeden ze dierfen.
Ma als Fierschter muss ee sech nämlech net nëmmen ëm den neie Bambestand këmmeren. Et gehéiert och zur Aufgab, al Beem ze sécheren, esou datt keng Äscht op de Wee falen. De Jeff Wagener mécht dowéinst reegelméisseg Touren duerch de Bësch a markéiert an notéiert sech déi Beem, déi ewechgeholl musse ginn.
Fir de Jeff Wagener war de Bësch schonn ëmmer eng ganz besonnesch Plaz. Als Kand war hie vill hei ënnerwee, esou datt de Beruff vum Fierschter op der Hand louch. Et ass eng Aufgab, déi hie sech zu Häerz hëlt:
“Wann een et packt, de Rostoff Holz, deen een hei zu Lëtzebuerg huet, aus dem komplexem Ökosystem Bësch erauszeplécken, ouni den Ökosystem Bësch ze stéieren, hues de als Fierschter u sech alles richteg gemaach.”
Wann de Jeff Wagnener an d’Kelly Kieffer duerch d’Natur trëppelen, gesi si de Bësch mat ganz aneren Ae wéi den duerchschnëttleche Spadséiergänger. Et lount sech deemno, beim nächste Wandertour emol méi genee hinzekucken.
Fir den nationalen Dag vum Bam den 18. November waren an der Woch och schonn eng Partie Schoulklassen uechter d’Land schwéier beschäftegt. Zanter 1992 gëtt dësen Dag vun der Fondatioun “Hëllef fir d’Natur” organiséiert. Beem an Hecke ginn a villen Uertschaften hei zu Lëtzebuerg geplanzt.
D’Schoulkanner vu Jonglënster a Buerglënster hunn Hecke gesat, dëst op enger Längt vun 125 Meter.
Dësen “Dag vum Bam” gëtt organiséiert, fir d’Leit fir d’Natur ze sensibiliséieren. Et wär wichteg, hinnen ze weisen, wéi wichteg Beem an Hecke fir d’Natur an de Mënsch sinn. “Beem planzen!” - dat ass d’Léisung géint de Klimawandel a fir d’Biodiversitéit ze erhalen. Mat verschiddenen Aktioune sollen eis Bëscher méi gesond ginn, et sollen erëm méi Beem an d’Landschafte kommen, an nei Bongerte sollen ugeluecht ginn.