
Jo zu engem Liwwerkettegesetz, ma et muss awer eenheetlech a praktikabel sinn. Dat seet de Jean-Paul Olinger, Direkter vun der Union des Entreprises, als Reaktioun op d'Aussoe vum President vun der Associatioun "Finance and Human Rights", Charles Muller, an eiser Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rechtssécherheet ass fir d'UEL immens wichteg, esou de Jean-Paul Olinger. Fir dass déi lëtzebuergesch Entreprisen och wëssen, wat ze bedenken ass. Dofir misst e Liwwerkettegesetz onbedéngt konkret, praktikabel a flächendeckend sinn: "Dat wat mir vermëssen an deem ganzen Debat, ass dass en ganz High-Level gefouert gëtt, also ganz global a konzeptuell gefouert gëtt an net konkret. Mee genee do wou et konkret gëtt, gëtt et méi schwéier."
Et bréicht een nämlech en europäesche Kader, well déi lëtzebuergesch Entreprisen en Deel vun engem Marché unique sinn. Et ginn zwar scho verschidde Länner, déi hir eege Gesetzer ausgeschafft hunn, ma dat wier fir Lëtzebuerg absolut keng Léisung, esou den Direkter vun der UEL: "Mir denken, dass et schwiereg ass en eegenen Text ze maachen. Lëtzebuerg ass en Deel vum Marché unique, iwwer 80% vun eise Produite ginn exportéiert a mir sinn ugewisen op eis auslännesch Fournisseuren an e lëtzebuergeschen Elenggang an engem Marché unique, also ouni en europäesche Kader, géing e lëtzebuergescht Gesetz sécherlech an d'Eidelt schloen."
En europäescht Gesetz par conter hätt méi Gewiicht fir tatsächlech sozial a wirtschaftlech Standarden ze setzen. Dann kéint een nämlech och mat Länner ausserhalb vun der EU negociéieren, fir gewësse Reegelen ze imposéieren. E Liwwerkettegesetz sollt koherent sinn, fir dass en och vun de Bierger acceptéiert gëtt. Op Mënscherechter pochen an dann awer zum Beispill spezifesch Produite wéi Chippen aus Länner bezéien, déi d'Mënscherechter net respektéieren, géing net fir Akzeptanz suergen: "Dofir stellen sech och ganz vill Froen. Wat geschitt mat Produiten, déi mir haut an Europa guer net méi produzéieren a just nach aus Drëttlänner kommen? Géinge mer akzeptéieren dës Produite guer net méi ze kréien, wann déi Länner eis Standarden net erfëllen oder si mer do bereet Waasser an de Wäin ze schëdden?"
Et wieren also nach eng ganz Partie Froen op, esou de Jean-Paul Olinger. Och wann d'Liwwerkettegesetz europäesch ëmsetzbar ass, dierft dobäi net vergiess ginn, kloer Reegelen och fir Länner ausserhalb vun der EU ze definéieren.