D‘Orange Week – also d‘Campagne fir op d‘Gewalt géint Fraen opmierksam ze maachen – steet dëst Joer ënnert dem Slogan “All 10 Minutte gëtt eng Fra vum Partner oder Familljemember ëmbruecht”. E Méindeg war et den offizielle Start an der Stad Lëtzebuerg.
D’Zil vun der Orange Week ass et, op déi alarméierend Eskalatioun, déi weider klëmmt, opmierksam ze maachen. Och wa Männer ëmmer nees Affer vu Gewalt ginn – ass statistesch* kloer – datt Fraen iwwerproportional betraff sinn.
Eng 120 Fraen a Männer aus der Zivilgesellschaft wéi och der Politik hu sech iwwer d‘Mëttegstonn an der Stad versammelt, fir eng Mënscheketten ze forméieren, fir un d‘Fraen, déi Affer vun haislecher Gewalt goufen, ze erënneren. Der UN no erlieft all drëtt Fra kierperlech oder sexuell Gewalt an hirem Liewen, wat et zu enge vun den heefegste Forme vu Mënscherechtsverletzunge weltwäit mécht.
“Et ass wierklech eng immens traureg Realitéit, datt dat nach ëmmer de Frae passéiert,” erkläert d’Isabelle Becker vu Zonta Lëtzebuerg, eng Organisatioun, déi sech dofir asetzt, Fraen a schwierege Situatiounen ze ënnerstëtzen. “Et si souvill Fraen, déi sech dann och net trauen iergendeppes ze soen. Et ass d’Violence conjugale. Déi Violence, déi een an den Noriichten héiert. Mir ginn eis hei drun, fir de Frae Courage ze ginn.”
An Europa ginn am Duerchschnëtt all Joer 2.300 Frae vun hire Partner oder Ex-Partner ëmbruecht. Och an Däitschland weise Statistike vum Inneministère, datt eleng do zejoert 360 Fraen Affer vun engem Femizid goufen, also gëtt et bal all Dag eng weiblech Victime.
Och zu Lëtzebuerg ass d‘Gewalt géint Fraen e Problem. Zejoert huet d‘Police iwwer 2.000 Fäll vun haislecher Gewalt notéiert. D’Donkelziffer dierft awer vill méi héich sinn. Dacks gëtt Gewalt géint Fraen – physesch oder psychesch – bagatelliséiert, esou de Reproche vu ville Fraen. D’Konsequenz: Police gëtt net ageschalt a keng extern Hëllef an Usproch geholl. Dat Erlieft gëtt verdrängt an den Täter net bestrooft.
De rezente Fall vum Gisèle Pelicot, deen aktuell virum franséische Gericht tranchéiert gëtt, bréngt vill Opmierksamkeet fir d‘Thematik. D‘Gisèle Pelicot gouf iwwer 10 Joer vun hirem Mann, ouni et ze wëssen, staark drogéiert a vun iwwer 50 Männer vergewaltegt.
“Dat beweist a sech de Fraen, datt se solle Courage hunn,” esou d’Isabelle Becker. “Awer och, datt esou eppes am Fong jidderengem kéint geschéien. Et ass kee geschützt. An dofir soll keen Angscht hunn, sou eppes, esou eng Erfarung, ze denoncéieren.”
Wat feelt, ass e kloert Signal, och aus dem Public. E Grapscher un den Hënner, eng an d‘Gesicht, Humiliatioun, oder Belästegung ginn dacks als Bagatell ofgewonk. D‘Fuerderung vun de Participanten e Méindeg virun der Stater Märei ass och, méi Zivil-Courage ze weise bei Gewalt géint Fraen.
De ganze Programm vun der Orange Week fannt Dir op cnfl.lu
*Zuele vum “Schweizer Bundesamt für Statistik” no sinn 2022 29,8 Prozent vun den Affer vu Gewalt am eegene Stot Männer – iwwer 70 Prozent vun den Affer si Fraen.
