
Wa Familljen aus der Ukrain hei am Land ukommen, da kënne si net an enger Struktur ënnerkommen, déi vum Office national de l’accueil (ONA) geréiert gëtt. De Grond ass kloer: d’Haiser si saturéiert an déi 4.000 Accueil- a Reserve-Plaze si besat. D’Flüchtlingen aus der Ukrain mussen deemno an neien Hebergementer ënnerkommen.
Duerfir fonctionéiert an der Urgencen-Struktur SHUK um Kierchbierg eng Accueil mat 200 Plazen an um Findel e weidert Hebergement mat 40 Plazen.
Déi staatlech Zerwisser an den ONA sinn am Gaang, aner Alternativen op Gemengenniveau respektiv och Hotellen, Jugendherbergen oder Scoutschaleten ënnert d’Lupp ze huelen, fir do kënne Leit op ze huelen.
D’Koordinatioun fir den Accueil vun de Refugiéen aus der Ukrain huet den Ausseministère. D’Caritas geréiert mam Roude Kräiz eng Hotline wouriwwer sech jo Leit kënnen mellen, déi hir Hëllef a Wunnengsméiglechkeeten ubidden.
Dës Informatioune liwweren d’LSAP-Ministere Jean Asselborn an Taina Bofferding op eng urgent parlamentaresch Fro vun de gréngen Deputéierten Djuna Bernard a Stéphanie Empain.
E Mëttwoch de Moie mécht iwwerdeem den Ausseminister de Point iwwert d’aktuell Situatioun vun den ukrainesche Flüchtlingen am Land.
D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert