
Et gëtt en neie Kollektivvertrag fir déi iwwer 1200 Salariéë bei den dräi staatleche Fuerschungszentere List, Liser an LIH.
Den onofhängege Gewerkschaftsbond huet dee Kontrakt mat de Representante vun dësen Instituter fir dräi Joer ënnerschriwwen.
Et si puer Verbesserunge virgesinn, ënnert anerem bei den Aarbechtszäiten, de Congéen, den Astellungskonditiounen an der Kënnegung.