Chauffere mat auslännesche GefiererFir zejoert stinn nach Protekoller an Héicht vun 1,7 Milliounen € op

RTL Lëtzebuerg
Chauffere mat auslännesche Gefierer, déi hei am Land geblëtzt goufen, hu fir zejoert nach Protekoller an enger Héicht vun 1,7 Milliounen € opstoen.

Dee Chiffer nennt déi gréng Justizministesch Sam Tanson an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéierter Nancy Kemp-Arendt.

Am Total sinn 2022 ronn dräi Véierel vun allen Avertissements taxés direkt bezuelt ginn, 11% goufen nom Rappell regléiert, de Rescht steet also nach op.

De Parquet decidéiert an dësen Dossieren iwwert de weidere Verlaf fir Lëtzebuergesch a fir auslännesch Gefierer.

Back to Top
CIM LOGO