
D’Zil vun der Ëmfro war et, erauszefannen, wéi d’Awunnerinnen an Awunner hir Regioun gesinn, wéi si hir Liewensqualitéit am Minett bewäerten a wat si sech fir d’Zukunft vum Süden erwaarden. Dobäi gëtt virun allem eng staark Verbonnenheet mat der Regioun däitlech: 86 Prozent vun de Befrote liewen zanter méi wéi zéng Joer am Minett oder hu souguer ëmmer do gewunnt. Parallel dozou bewäerten 79 Prozent d’Liewensqualitéit an der Regioun positiv. Fir de Christian Weis, President vum Syndicat PRO-SUD, sinn d’Resultater eng wichteg Basis fir déi zukünfteg regional Entwécklung.
"Ech sinn eigentlech gutt zefridde mat de Resultater vum Sondage. Et ass ganz vill Confirmatioun dran. Et liest sech zum Beispill raus, dass de Minetter houfreg op seng Regioun ass, dass e gären hei lieft, bal 80 Prozent sinn zefridde mat der Liewensqualitéit, déi si hei am Minett hunn. Déi grouss Majoritéit géing den anere Leit och recommandéieren, heihinner ze kommen. Leit, déi hei liewen, bleiwen och am Prinzip hei am Minett. Et ass eigentlech eng grouss Zefriddenheet do. De Minett ass awer och exigent, en huet weider Ufuerderunge wou e sech erwaart, dass besser zesumme geschafft gëtt, dass et Verbesserunge gëtt."
Trotz där allgemenger Zefriddenheet weist d’Ëmfro awer och, datt d’Leit am Minett kloer Erwaardungen un déi zukünfteg Entwécklung vun hirer Regioun hunn. Besonnesch an de Beräicher Klima, Ëmwelt, Wunnen a Mobilitéit gesi vill Leit nach Verbesserungspotential. 84 Prozent vun de Befrote gesinn den Ausbau an de Schutz vu Gréngflächen als Prioritéit. Och d'Upassung vun de Stied un d'Konsequenze vum Klimawandel, wéi Hëtztwellen, Dréchenten oder Iwwerschwemmunge gëtt vu ville Leit als wichteg Erausfuerderung ugesinn.
E weidere grousse Sujet bleift de Logement. Och wann eng Majoritéit mat hirer aktueller Wunnsituatioun zefridden ass, steet bezuelbare Wunnraum fir 83 Prozent vun de Befrote ganz uewe bei de Prioritéiten.

Och am Beräich vun der Mobilitéit ginn et nach Erwaardungen. Zwar gëtt den ëffentlechen Transport vun enger Majoritéit positiv bewäert, gläichzäiteg bleift den Auto dat meescht benotzte Verkéiersmëttel. Fir d'Zukunft wënsche sech vill Leit e méi einfache Wiessel tëscht de verschiddene Verkéiersmëttel.
„Ech mengen, dass sech déi nei Strategien aschreiwen an déi bestoend Strategien, déi schonn do sinn. Weider wëlle mir déi vision territoriale, mir wëllen d‘Biosphärstrategie weider ëmsetzen, mir hunn eis de Programm gi vun der Décarbonisatioun am Süden, dat ass ee Plang wou mir weider uginn. Ech mengen, dass d‘Erausfuerderunge kloer sinn, an dass dat elo och ëmmer weider gëllt ze konkretiséieren.“
De Syndicat PRO-SUD spillt dobäi virun allem eng koordinéierend Roll. Als Zesummeschloss vun den eelef Gemengen aus dem Süde schafft de Syndicat un iwwergräifende Strategien an Entwécklungskonzepter fir d'Regioun. D'Iddi ass et, lokal Besoinen an eng gemeinsam regional Visioun zesummenzebréngen, fir grouss Erausfuerderunge wéi Klima, Mobilitéit oder Landesplanung op eng ofgestëmmte Manéier unzegoen. Déi grouss Erausfuerderung ass elo, aus dëse Resultater konkret Mesuren ofzeleeden. Genee dorop geet och den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana an.

"Am Kader vum Pro-Sud an och am Kader vum Amenagement du territoire, am Amenagement vun der Südregioun mat deenen 11 Gemengen zesummen ze kucken an och deelweis mam Ministère als Begleeder, eis Instrumenter ganz kloer ze ginn, wéi een d‘Resultater vum Sondage ka mëttel- a längerfristeg och ëmsetzen. Do ass och mengen ech den Avantage vum Syndicat Pro-Sud eng vue d‘ensemble ze hunn. Also engersäits déi regional Approche, an awer och déi lokal Approche, an déi zwee sinn am Fong als base communicante an dofir ass et mengen ech och wichteg, dass een dat zesummen definéiert an deklinéiert."
D'Resultater vun der Ëmfro bleiwen och net laang ouni Suite. Leschte Weekend sinn d'Awunnerinnen an Awunner op e regionale Forum invitéiert ginn, bei deem si sech aktiv an d'Diskussioun iwwer d'Zukunft vum Minett abrénge konnten. Déi Resultater sollen elo och an déi nei territorial Kooperatiounskonventioun tëscht dem Staat an dem Syndicat PRO-SUD afléissen. Domat wëll een d’Entwécklung vum Minett an de kommende Jore méi nohalteg a méi no bei de Bierger gestalten.