
Am Juli war een nach erféiert wéi d'Infektiounszuelen déi éischte Kéier iwwer 100 louchen. Rezent hat ee sech u Chifferen tëscht 100 an 200 gewinnt an op eemol goungen se drastesch an d'Luucht. Iwwer 500, 600 an 800... an dofir ginn et verschidde Grënn, déi de Wëssenschaftler Jean-Paul Bertemes vum Fonds National de la Recherche an engem Artikel op science.lu erkläert. E Grond ass de sougenannten "Perkolatiounseffekt".
Ugefaangen awer fir d'éischt mol mat de relativ offensichtleche Grënn. No der grousser Vakanz, wou d'Schoulen an déi meescht Chantieren zou, a vill Leit ausser Land waren, sinn d'Aktivitéiten an déi physesch Kontakter nees an d'Luucht gaangen – an deemno och d'Infektiounschifferen. Donieft ass d'Wieder méi schlecht ginn, also gouf sech verstäerkt an zouene Raim gesinn, wou sech d'Aerosolen och besser iwwerdroen.
Jhemp Bertemes: „Da kommen zum Beispill och nach Saachen derbäi, dass mer zum Beispill Pandemie-Middegkeet empfannen. Ech mengen d'Leit hunn es zum Deel einfach genuch an zum Deel och e bëssen den Präventiounsparadox, well mer trotz relativ héijen Zuelen awer d'Saach relativ gutt am Grëff haten, mengen ech koum bëssi sou d'Gefill bei de Leit „et ass am Fong alles iwwerdriwwen wat mer hei maachen“. D'Hospitalisatioune sinn jo par Rapport zur éischter Well ganz staark geklommen gewiescht, och d'Dynamik bei der Unzuel un Doudegen huet sech an der zweeter Well besser entwéckelt wéi an der éischter. An du koum d'Meenung, dass vläicht alles iwwerdriwwe wat mir hei maachen. Déi psychologesch Phenomener do, droe vläicht och dozou bäi, dass mer d'Saach vläicht bëssi méi locker gesinn hunn.“
E Facteur iwwer deen awer hei am Land nach guer net geschwat gouf, ass de sougenannten Perkolatiounseffekt. Dat ass e Konzept aus der Physik, dat och an der Epidemiologie benotzt gëtt an iwwer dat och de bekannten däitschen Virolog Christian Drosten rezent an engem Podcast geschwat huet. Dobäi geet et ëm een „Duerch-sickeren“ vum Virus an d'Populatioun.
Jhemp Bertemes: „Et ass net esou, dass wann een selwer infizéiert ass, dass ee mat gläicher Warscheinlechkeet iergendeng Persoun zu Lëtzebuerg ustécht. Mä et ass méi warscheinlech, dass een iergendeng Persoun innerhalb vun engem vun deene Clusteren an deenen ee sech beweegt, ustécht. Een eegene Cluster ass zum Beispill d'Famill, d'Frënn, d'Aarbechtskolleegen oder déi bescht Kolleegen. Dat heescht, wann ech infizéiert sinn an ech stiechen een un, dann ass dat héchstwarscheinlech een aus deenen Clusteren. Dat heescht déi Infektiounen ginn ënnerhalb vun de Clusteren, mä do kritt ee se awer och ënnerhalb vun deene Clustere relativ gutt nach gebrach. Lo ass et just sou, dass wann iergendwann eng Kéier ze vill Virus present ass, dann op eemol beréiere sech Clusteren, déi virdrun net sou gutt a Kontakt waren. An op eemol geet de Virus net méi vun Cluster zu Cluster an hält dann op, mä hien geet vun Cluster, zu Cluster, zu Cluster an am Fong ass en iergendwann eng Kéier iwwerall present.“
Et hätt een de Perkulatiounseffekt, genee wéi am Ausland och hei am Land zäitlech net kënne virausgesinn. Firwat?
Jhemp Bertemes: „Éischtens huet dat e bëssen mat Zoufall ze dinn. Dat heescht et weess een souwisou net genau wéini den Fall antrëtt. Dann eng zweet Saach ass, applizéiert op d'Cluster-Dynamik zu Lëtzebuerg, dat hänkt mat der Kultur zesummen. Also wéi grouss sinn eis Clusteren, wéi enk sinn se mateneen, wéi vernetzt a wéi duerchmëscht sinn d'Clusteren hei zu Lëtzebuerg. Do misst ee wierklech eng Kéier Etüden dozou maachen. Et hätt een dat elo net kéinten sou viraus gesinn, wéini genau dass dee kënnt, mä dass et den Effekt gëtt, dat war scho bekannt, an dass de Virus jo fäeg ass exponentiell Dynamiken anzehuelen, dat wousste mer jo u sech och.“
Et ginn awer och gutt Noriichten, betount de Jean-Paul Bertemes. Lëtzebuerg hätt duerch seng vill Tester ganz gutt Donnéeën an et kéint net méi allze laang dauere bis Schnell-Tester um Marché wären, esou de Wëssenschaftler. Bis dohinner misst een optimistesch bleiwen.
De ganze Reportage kann een op science.lu noliesen.