
D’Etüd vum US-Futurolog, Publizist, Ekonomist Jeremy Rifkin hat jo viru 6 Joer de Wee gezeechent ginn, fir op en nohaltege Wirtschaftsmodell ëmzeklammen. Jiddereen an der Chamber, all d’Parteien, wëllen eng staark, diversifiéiert an nohalteg Ekonomie. Ob dat déi lescht Jore gelongen ass, doriwwer si se sech natierlech net eens.
D’Aktualitéitsronn an der Chamber war e bëssen Floskele versus Schlagwierder, dorënner vill Buzzwierder op Englesch. Circular economy, Resilienz oder Widderstandsfäegkeet, Digitaliséierung, Smart economy: De Regierungsparteien no misst zwar nach weider vill ëmgesat ginn, mee déi lescht Joren hätt ee scho Villes erreecht. Ëmgedréint gesinn et d’Oppositiounsparteien: Et wier e bëssen eppes geschitt, mee de Rifkin-Prozess ass fir d’ADR “dout”, fir déi Lénk “waarm Loft”, fir d’Piraten “Wonschdenke wäit vun der Realitéit”. Der CSV no wier de Rifkin-Prozess eng “Etienne Schneider-Show” gewiescht.
Den Nofollger a Parteikolleeg vum Etienne Schneider, de Wirtschaftsminister Franz Fayot huet de Rifkin-Prozess natierlech verdeedegt. Et wier vill geschitt an der Mobilitéit an der Digitaliséierung an an der grénger Finanz. Hien huet rappelléiert, datt d’Cellule “Luxembourg stratégie"d’Aarbecht vum Rifkin-Prozess iwwerholl huet.
Am Oktober wier eng weider Konferenz.