Vu Lëtzebuerg, iwwert d'Belsch Plage bis an Holland. Honnerte vu Jonker kënnen esou vun e puer flotter Wochen ënner Kolleegen a Frëndinne profitéieren. Och Kanner mat spezifesche Bedürfnisser ginn an dës Vakanze matgeholl.
Encadréiert gi si vu Moniteuren a Monitricen, déi hire Brevet als Animateur/Animatrice gemaach hunn. Eng 150 Benevoller ginn all Summer fir d'Kolonie gebraucht.
Méi Informatioune ronderëm d'Vakanzekolonië vum Roude Kräiz fënnt een um offiziellen Internetsite.