
Et wier eng komplex Affär seet d’Antonia Ganeto, Spriecherin vu Finkapé, dem Reseau Afrodescendant hei am Land a betount awer zäitgläich, datt et evident gewiescht wier ze intervenéieren.
D’Koppel aus Nigeria war an d’Ukrain geflücht an ass dunn op Lëtzebuerg komm, wou de Krich ausgebrach ass. D’temporär Protektioun krute se hei am Land refuséiert. D’Antonia Ganeto betount, datt dat awer muss an de Kontext gesat ginn :
Et ass kloer, datt se e Refus krut hunn, mee d’Kand ass zu Lëtzebuerg op d’Welt komm an dat muss an hirem Dossier a Betruecht geholl ginn. Genee wéi de Fait, datt d’Fra gesondheetlech Problemer huet.
Et kéint net sinn, datt d’Leit – an hei dann och nach eng Koppel mat engem Bëbee vun 2 Méint - einfach op d’Strooss gesat géife ginn :
A mer wësse genee, datt et zu Lëtzebuerg e strukturelle Problem gëtt mat de Wunnengen an et schwiereg ass, fir déi vulnerabele Leit vun haut op muer fortzekommen. Dofir denke mer, datt an der Period, an där se Recours kéinte géint déi Decisioun maachen, och misste protegéiert ginn.
D’Leit krite wuel Bescheed gesot, datt se misste fort. D’Antonia Ganeto betount awer, datt se vun deem Moment u keng Hëllef méi kréien an och keen Ënnerdaach méi hunn an doduerch nach méi vulnerabel sinn :
Mir mengen, datt bei enger Famill mat sou engem klenge Kand een hätt missen anescht virgoen a sech vergewësseren, datt eng Léisung virgesi wier.
D’Spriecherin vu Finkapé ënnersträicht, datt een an dëser Situatioun hätt missen intervenéieren :
Mir sinn hir Saache siche gaangen an no engem Hotelszëmmer gesicht. A mir hunn dunn en Opruff gemaach, well mer eisen Hänn kee Rot woussten, fir d’Famill, och wa just fir kuerz Zäit, opzehuelen.
En Interview mam ONA am Immigratiounsministère war net méiglech, mat der Erklärung, et kéint een net iwwert eng eenzel Affär schwätzen aus Dateschutzgrënn. D’Famill wier allerdéngs antëscht provisoresch erëm an enger Struktur vum ONA ënnerbruecht.
Finkapé huet RTL iwwer confirméiert, datt d’Famill net wéi e Freideg vum Ministère matgedeelt an enger Struktur vum ONA ënnerbruecht ass, mee an enger Jugendherberg. De Papp hätt nämlech solle vun der Mamm am Puppelchen getrennt ginn, mat der Begrënnung, datt dat an tëscht ënnerschiddlech Dossiere wieren. Dat wollt Finkapé allerdéngs net acceptéieren an huet d’Famill net wollte vuneneen trennen. Op eege Käschten hu si d’Elteren an de Bëbee elo an enger Jugendherberg logéiert.