Sträit ëm BaugeneemegungenFluessweiler Buergermeeschter verléiert um Verwaltungsgeriicht

RTL Lëtzebuerg
Am juristesche Sträit mam Buergermeeschter vu Fluessweiler ëm Baugeneemegunge krut eng Sàrl an 1. Instanz um Verwaltungsgeriicht Recht.

Den Tribunal administratif huet hire Recours nämlech als fondéiert ugesinn an de Refus vum Gemengepapp, aus dem Mee 2017, fir d'Geneemegunge fir de Bau vu 4 Eefamilljenhaiser annuléiert. Den Dossier muss och zréckgoe bei de Buergermeeschter.
D'Societéit hat am Abrëll 2015 bei der Gemeng gefrot, fir iwwert d'Affektatioun vu verschiddene Grondstécker ze schwätzen, déi der Sàrl gehéieren.

Verwaltungsgeriicht/Reportage Eric Ewald

De Gemengepapp hat am August geäntwert, dass am Virfeld dovun nach verschidde Froen opstéingen. Am Juni 2016 hat d'Societéit dunn eng Demande fir e PAP eraginn. De Buergermeeschter hat am August eng Reunioun fir de September proposéiert an d'Sàrl am Januar 2017 en iwwerschaffte PAP virgeluecht. De Gemengepapp hat am Februar weider Prezisioune gefrot an d'Societéit, dass d'Prozedur weiderlafe sollt. Am Abrëll hat si och 4 Dossiere fir Baugeneemegungen eraginn. Wouropshin de Buergermeeschter am Mee geäntwert hat, dass d'Terrainen net als komplett erschloss bezeechent kéinte ginn an eng PAP-Prozedur néideg wär, wat d'Sàrl nach deeselwechte Mount kontestéiert hat. Am August war si op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass d'Terrainen net an enger Zon vum PAG vun der Gemeng léichen, déi d'Ausschaffe vun engem PAP noutwendeg maache géif. D'eventuell Necessitéit, fir weider Voiriesaarbechten ze maachen, géif d'Viabilitéit vum Terrain och net ausschléissen. Fréier hätt en Haus op deem Terrain gestanen, soudass deen un d'Infrastrukturen ugeschloss wär. D'Gemeng misst kloer definéieren, wat fir Elementer feelen, fir den Terrain als erschloss ze betruechten. Eng vague Kontestatioun kéint de Refus vum Gemengepapp allzäit net justifizéieren. Deen hätt d'Baugeneemegungen net un d'Ausschaffe vun engem PAP knäppe kënnen, mä just kucke missen, ob de Projet konform ass zu den Urbanismusbestëmmungen. De Refus vum Buergermeeschter wär net op eng Net-Konformitéit vum Bauprojet zréckzeféieren, an et géif näischt am PAG oder am Bautereglement vun der Gemeng stoen, wat géint de Projet schwätze géif, soudass d'Refus-Decisioun ze annuléiere wär, sou d'Riichter. D'Societéit hätt allerdéngs keng Indemnité de procédure zegutt.

Back to Top
CIM LOGO